Den Euro Asie Schengen International Group hat Ufank Februar an de Chapito vum Casino 2000 fir e Gala Dinner agelueden. Dat fir dat chineesescht neit Joer, dat eréischt de 17. Februar ass, virzefeieren. 450 Gäscht haten Euro-Asie no dofir den 9. Februar de Wee op Munneref gepackt.
Organiséiert gouf den Owend mam Zil, de kulturellen Austausch tëscht Lëtzebuerg a China ze fërderen. Ugefaangen huet den Owend mat Bäiträg vu Schüler a Kënschtler aus dem Stater Conservatoire, dem Athénee an der LUNEX University. Nieft dem President vun der Organisatioun, dem Yong Zhang, hunn och de Chamber-President Claude Wiseler, de Li Chuan aus der Jiangsu-Provënz an d’Hua Ning, Ambassadrice vun der Volleksrepublik China zu Lëtzebuerg, eng Ried gehalen.
No de Rieden hunn iwwer 30 Kënschtler aus der Jiangsu-Provënz traditionell Musek, Danz, Akrobatik an Elementer aus der Kunqu-Oper presentéiert. Ofgeschloss gouf den Owend mat engem chineesesche Gala Dinner.
Liest dozou och nach: