FréijoersfestFeier fir chineesescht neit Joer zu Dubai

RTL Lëtzebuerg
Touristen aus der ganzer Welt ware fir dëst Liichterspektakel zu Dubai mat dobäi.
Feier fir chineesescht neit Joer zu Dubai
D’Fréijoersfest gëtt net just a China gefeiert.

Dat chineesescht neit Joer, och nach “Fréijoersfest” genannt, steet virun der Dier. Ma net just a China gëtt dëst Fest grouss gefeiert. Touristen aus China an der ganzer Welt, wéi och chineesesch Residenten, ware begeeschtert iwwert d’Liichtershow, déi Dubai extra am Kader vun dësem groussen Evenement virgesinn hat.

E Sonndeg den Owend, also zwee Deeg virum eigentleche Fest de 17. Februar, war d’Dubai Expo City nämlech hell beliicht, e Bazar war opgeriicht an eng Parad ass duerch d’Stroosse gezunn. Alles stoung am Zeeche vum “Joer vum Päerd”, dem 7. vun den 12 Stärenzeechen am chineeseschen Horoskop. Et war also och net verwonnerlech, datt grouss chineesesch Techfirmen zu Dubai waren, fir hir neiste Produiten an Erfindungen ze presentéieren an datt vum kulinaresche Plang villes aus dem grousse Land am Oste koum.

D’Stroossen am Quartier ware gutt besicht a ganz änlech wéi bei eis, wënscht ee sech just dat bescht fir dat neit chineesescht Joer.

Dat ganzt Evenement zu Dubai ass am Kader vun der weltwäiter Feier “Festival of Spring 2026". Déi chineesesch Tëlee ass hei nämlech op ville Plazen op der Welt ënnerwee a begleet Chineesen an den USA, Australien, Europa an anere Plazen an Asien. Si erzielen hir perséinlech Geschicht a schwätzen driwwer, wat si als Chineese weltwäit awer vereenegt.

Back to Top
CIM LOGO