Dräi Deeg FestivitéitenDe Karneval vu Rio gouf e Sonndeg lancéiert

RTL mat AFP
E Sonndeg ass de weltbekannte Karneval zu Rio de Janeiro a Brasilien lassgaangen, dat mat enger grousser Parad an enger kontroverser Figur vum President Lula.
De Karneval vu Rio gouf e Sonndeg lancéiert
E Sonndeg ass de weltbekannte Karneval zu Rio de Janeiro a Brasilien lassgaangen, dat mat enger grousser Parad an enger kontroverser Figur vum President Lula.

Bei der Erëffnung vum Karneval zu Rio de Janeiro huet e Sonndeg e risege metallene Roboter vum brasilianesche President Luiz Inacio Lula da Silva de Sambadrome dominéiert. D’Samba-Schoul Academicos de Niteroi huet mat dëser Hommage un de Staatschef dräi Deeg voller Festivitéite lancéiert.

D’Show huet dobäi dem Lula säi Liewenswee nogezeechent – vu senger Kandheet an Aarmut am Nordoste vu Brasilien bis hin zur Presidence. Den Organisateuren no ass et déi éischte Kéier, datt en amtéierende President op dës Manéier geéiert gëtt, wat och fir Kritik a Brasilien gesuergt huet.

De Karneval zu Rio ass weltbekannt an zitt all Joer Millioune vu Spectateuren a Brasilien. Politesch Elementer waren e Sonndeg zwar Deel vum Defilé – dorënner och eng Clown-Figur am Prisongskostüm als Uspillung op de fréiere President Jair Bolsonaro – mee d’Spektakel ass der Traditioun vum Karneval trotzdeem trei bliwwen: extravagant Kostümer, haart Musek an déi brasilianesch Identitéit stounge wéi gewinnt am Vierdergrond.

Back to Top
CIM LOGO