Jugendlecher dobäi erwëscht, wéi si Falschgeld an Ëmlaf bruecht hunn

© AFP
An der bayrescher Stad Immenstadt hunn zwee Schüler am Alter vun 13 a 14 Joer mat gefälschte 50-Euro-Schäiner bezuelt.
Wéi d'Police matgedeelt huet, gouf den Duo e Samschdeg dobäi erwëscht, wéi si probéiert hunn, mat Falschgeld an engem Supermarché ze bezuelen.
D'Caissière huet d'Police alarméiert a béid Jonker goufe kuerz drop gestallt. An hirem Portmonnie hate béid nach méi falsch Schäiner an och scho Ticketen aus Supermarchéen, wouropper deite léist, datt si hir Masch scho méi heefeg duerchgefouert hunn.
Den Ermëttler no krute béid Jugendlecher d'Falschgeld vun engem anere 14 Joer alen an hunn et an deem hirem Optrag ënnert d'Leit bruecht. Doropshin gouf d'Wunneng duerchsicht. Nach ass awer net kloer, wou déi falsch 50-Euro-Schäiner hierkoumen.
Ob bleift och, wéi laang den Trio scho mat Fälschunge bezilt, d'Ermëttlungen an där Hisiicht lafen. Déi zwee 14 Joer al Jugendlech wäerte wuel eng Plainte wéinst Notze vu Falschgeld kréien. Fir dee méi jonken Täter gëllt dat net, well hien dem däitsche Gesetz no nach ze Jonk ass, fir bestrooft ze ginn.