10.000 Passagéierinnen a Passagéier wëll d'Airline an den nächste Méint op d'Wo stellen, dat natierlech op fräiwëlleger Basis.

Zil vun dëser Aktioun ass et, datt d'Pilote virum Start d'Balance an d'Gewiicht vun hirer Maschinn besser kennen. Wéi et vun der Fluchgesellschaft heescht, géif et heibäi just ëm d'Sécherheet goen.

Vum leschte Mee bis den 2. Juli stinn dës Woen um Fluchhafen vun Auckland an et wëll een an dësem Mount d'Gewiicht vu ronn 10.000 Leit ermëttelen, dëst komplett anonym.

Air New Zealand betount iwwregens, datt ee bei dësem Weie kee Mënsch wëll un de Pranger stellen, wéi dat eventuell op enger Achterbunn de Fall ass, wou ze schwéier Leit net dierfe matfueren. Et wéilt ee just eng Moyenne vum Gewiicht vun de Passagéier an dem Handgepäck ausrechnen.