
De puerto-ricanesche Superstar Bad Bunny sollt u sech e Samschdeg den Owend zu Mailand fir e Concert optrieden. Ma d'Wieder huet an dësem Fall net matgespillt an e Stuerm begleet vu Knëppelsteng ass iwwer Mailand gezunn. Wéi et vum Organisateur heescht, sollen all d'Leit, déi en Ticket haten, hir Suen zeréckkréien.
U sech hat de Concert schonn ugefaangen, wéi de Stuerm koum. Als éischt gouf d'Event just ënnerbrach, ma kuerz drop komplett ofgesat. D'Evakuatioun vun all de Leit ass den Organisateuren no ouni Tëschefäll ofgelaf. Op Videoen, déi een online fënnt, kann ee grouss Knëppelsteng gesinn, déi kuerz nom Start vum Concert vum Himmel op d'Fans gefall sinn.
De Bad Bunny gëllt als ee vun den erfollegräichste Museker op der Welt. Am Februar war de Sänger a Rapper an de Paus vum Super Bowl opgetrueden. Et war déi éischte Kéier, datt e Museker seng Super-Bowl-Show integral op Spuenesch duerchgezunn huet.