
Vun haut u gëllen nei EU-Reegelen an der Textilbranche. Konkret geet et em Kleeder a Schong, déi net verkaaft gi sinn. Déi dierfe vun elo un net méi, wéi dat dacks bei grousse Konzerner de Fall ass, ewechgehäit, respektiv zerstéiert ginn. D'Entreprise musse vun elo un dës Wueren entweder verschenken oder fir méi niddreg Präisser verkafen.
D'Europäesch Unioun wëll domat virun allem déi sougenannt "Fast-Fashion" an d'Viséier huelen. Et gëtt geschat, datt tëschent véier an néng Prozent vun der net-verkaafter Wuer an der EU op Deponien oder a Verbrennungsanlage lant.