Dëse Weekend hat een d'Méiglechkeet, fir Wäin, Cremant, Musek a Kultur an den enken a charmante Gaasse vum historesche Wënzerduerf Éinen z'erliewen. No engem engem Vernissage en Donneschden an dem Opening de Freideg, ass e Sonndeg den Héichpunkt vun den Éiner Wënzerdeeg. Um 10 Auer gouf de Wäi geseent an eng Stonn méi spéit gouf en op der Kierchplaz presentéiert. An de Joergang 2025 vum Riesling wosst ze iwwerzeegen, genee ewéi d'Evenement selwer och.
D'Recolte vun de Wäiner a Cremante wier ganz gutt gewiescht, esou d'Martine Kohll, Presidentin vum Éiner Wënzerdag. Wéinst dem Reen bei der Drauwelies wier awer d'Quantitéit ënnert dem Duerchschnëtt. Eigentlech stoung eng laang Zäit de Rivaner zu Éinen am Mëttelpunkt. Antëscht awer konzentréiere sech aacht Betriber mat hire 50 Hektar Wäibierger op d'Cremantproduktioun mat Burgunder a soss roude Wäinzorten. Den Éiner Wënzerdag gëtt et zanter 41 Joer a wier do, fir de Wäin an d'Cremanten awer och déi schéi Muselregioun ze promouvéieren.
Verwénkelt Gaassen, déi mat Stänn a Faarwen dekoréiert waren, hunn d'Visiteuren invitéiert, den Dag zu dësem speziellen Duerf an der Wuermer Gemeng ze verbréngen. An dat begleet vun der Musek vu Fanfaren, Harmonien an DJe bis an d'Owesstonnen eran.
Op der 41. Editioun vum Éiner Wënzerdag war d'Ambiance an de Riesling gutt an och d'Wäikinnigin an hir Prinzessinne waren hei unzetreffen. D'Fans vum Wäin goufen och dëst Joer fir e Weekend op der Musel e bësse verzaubert.
Fannt e Méindeg och all d'Impressioune vum Héichpunkt vun den Éiner Wënzerdeeg agefaange vum Carlo Rinnen op RTL.lu.