Self-Made-Millionär mécht Exame fir chineesesch Universitéit fir déi 27. Kéier

Studente waarde virun der Entrée, fir um Examen deelzehuelen. / © AFP/WANG Zhao
De Liang Shi huet sech a sengem Liewen eropgeschafft. Vum normalen Aarbechter an enger Fabrick huet hie sech mat engem eegene Business eropgeschafft.
Haut ass de 56 Joer ale Mann e Millionär. Ma een Dram konnt sech de Liang bis ewell nach net erfëllen: En Ofschloss op der chineesescher Eliteuniversitéit Sichuan University.
Ma fir do eranzekommen, muss een am Gaokao, esou heescht dësen Examen, fir op d'Unien ze kommen, eng gewësse Punktzuel erreechen. Dëst ass dem Liang bis ewell an 26 Versich net gelongen. Well hien et awer elo wësse wollt, huet hien déi leschte Méint 12 Stonnen den Dag geléiert. "Ech hu gelieft wéi e Mënch am Klouschter", sot de Liang an engem Interview. Moies opgestanen, de ganzen Dag geléiert a schlofe gaangen.
Obwuel hien dësen Uniofschloss net bräicht, wëll de Millionär dësen awer maachen. "Ech wëll wierklech op d'Uni goen an en Intellektuelle ginn".
Eng éischte Kéier huet de Liang de Gaokao 1983 gemaach, am Alter vu 16 Joer. Déi 10 Joer dono huet hie probéiert, säi Score ze verbesseren, bis hien 1992 opginn huet, well den Test limitéiert war op Leit ënner 25 Joer. Dës Limitatioun gouf awer 2011 opgehuewen an de Liang huet sech nees all Joer dofir ugemellt.
Vill Leit spekuléieren driwwer, ob dëst just e Publicity Stung vum Liang wier. "Wisou dat", freet sech de Liang, wann hien domadder konfrontéiert gëtt. "Kee Mënsch, dee kloer am Kapp ass, géif Joerzéngte probéieren, fir de Gaokao ze packen, just fir Publicitéit ze kréien".
Am Interview huet hien dann och mat engem Schmunzele verroden, datt hien dëst Joer esouguer extra wärend der Zäit vum Léieren a vum Examen opgehalen hätt mat drénken an och kee Mahjong géif spillen. Mä genau dat géif hie maachen, wann hie den Exame bis gepackt huet. Fir ze feiere géif hie mat senge Kolleegen dräi Deeg an dräi Nuechte laang Mahjong spillen.