
Dat mellt den “Trierischer Volksfreund” e Mëttwoch de Moien. Wie mengt, datt benotzte Frittefett näischt wäert ass, deen iert sech. Wärend d’Präisser fréier nach bei ronn 10 Cent de Liter louchen, sinn elo schonn tëscht 80 an 90 Cent de Liter dran. Déi ronn 600 Liter haten ëmgerechent also ee Wäert vu ronn 540 Euro. Alt Frittefett kann ënnert anerem fir d’Produktioun vu Biodiesel a Maschinnefett, oder an der Kosmetik benotzt ginn.
Wéi et an der Tréierer Zeitung weider heescht, hätt de Besëtzer vum Imbiss den Déifstall souguer op senger Iwwerwaachungskamera gesinn. Hien hat sech deen Ament awer näischt dobäi geduecht an huet fir d’éischt gemengt, et wiere Leit vun der Firma, déi d’Frittefett sos och ofhuele kommen.
Wou de Besëtzer d’Firma kontaktéiert huet, waren d’Mataarbechter net besonnesch iwwerrascht. “Dat waren dach bestëmmt zwee Leit, déi Warnveste mat der Opschrëft “Fett” unhaten an dunn d’Fässer an engem sëlweregen Transporter mat franséische Placken oftransportéiert hunn?”
Mat hirer Beschreiwung vun der “Frittefett-Mafia” louch de Mataarbechter vun der Firma richteg. Antëscht huet de Besëtzer vum Tréierer Imbiss géint déi onbekannt Täter eng Plainte gemaach.