UruguayErmëttler fanne 50 Kilo Kokain a Surfbrieder

RTL Lëtzebuerg
D'Surfbrieder mat hirem illegale Contenu sollte vu Südamerika an Europa geschmuggelt ginn.
© URUGUAY’S INTERIOR MINISTRY/AFP

Si konnten awer duerch d’Aarbecht vun Ermëttler aus Uruguay, Spuenien, Portugal an Italien interceptéiert ginn. Wéi et heescht goufen am Kader vun der Decouverte bis ewell dräi italieenesch Staatsbierger festgeholl.

Drogenhënn haten Enn Mee bei de Surfbrieder ugeschloen. A fënnef Surfbrieder goufen insgesamt 40 Kilo Kokain fonnt. Dat Sechst ass wéi virgesi verschéckt ginn, fir datt d’Ermëttler an Europa och den Empfänger kéinte fannen. A Portugal huet d’Police leschte Mëttwoch dunn zwee Italiener festgeholl, deen drëtten Italiener gouf an Uruguay festgeholl.

Den uruguayesche Policepresident José Manuel Azambuya sot wärend enger Pressekonferenz, de Policeasaz “Iris” wier opgrond vu senger Gréisst an der internationaler Zesummenaarbecht “beispillos” am Land.

Back to Top
CIM LOGO