FrankräichPremierministesch riskéiert Strof wéinst E-Zigarett am Parlament

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Premierministesch Elisabeth Borne hat e Méindeg nees an der Assemblée générale un hirer E-Zigarett gezunn.
© LUDOVIC MARIN AFP

Dat obwuel et am Hexagon net erlaabt ass, an ëffentleche Gebaier ze fëmmen oder ze vapen. Besonnesch déi franséisch Oppositioun war rosen iwwert dësen Tëschefall.

Et ass iwwerdeems net fir d’Éischt, dass déi franséisch Premierministesch mat der elektronescher Zigarett am franséische Parlament souz. A Corona-Zäiten hat si ënnert der Mask gefëmmt.

D’Elisabeth Borne riskéiert eng Strof vu maximal 150 Euro.

Back to Top
CIM LOGO