
Der Zeitung “Indian Express” no, ass hien den 30. Mee 2019, ufanks nach fir eng Nuecht, am “Roseate House” agecheckt. Amplaz den nächsten Dag ofzereesen, soll hien d’Employéeë vum Hotel bestach hunn, fir säin Openthalt ze vertuschen. Insgesamt 603 Nuechten duerno, den 22. Januar 2021, ass hien ofgereest an huet och nach dobäi eng Rechnung vun ëmgerechent 64.000 Euro hannerlooss.
An dem Kontext ermëttelt d’Police net nëmme géint de Mann, mä och géint d’Hotelsemployéeën, déi ënnert dem Verdacht stinn, d’Ofrechnungssoftware vum Hotel manipuléiert ze hunn.