Zwee amerikanesch Touristen hunn d'Nuecht um Eiffeltuerm verbruecht

Si hate sech owes do aspäre gelooss a si moies fonnt ginn, wéi de Gardien seng Ronn gemaach huet, ier d'Dieren um 9 Auer erëm sollten opgoen.
Der Police no haten déi zwee alkoholiséiert Touristen owes en Ticket kaf an hunn d'Visitt vum Eiffeltuerm gemaach. Um Wee vun der Spëtzt erof si se dunn iwwer Ofspärunge geklotert a waren awer esou voll, dass se vun do net méi zeréckkomm sinn. Dat huet de Paräisser Parquet matgedeelt. Pompjeeën hunn déi zwee e Méindeg de Moien dunn a Sécherheet bruecht, wou se vun der Police an Empfang geholl goufen. Si musse mat enger Plainte rechnen. Den Eiffeltuerm ass um 10 Auer, also eng Stonn méi spéit wéi geplangt, erëm fir de Public opgaangen.
Dëst ass schonn déi drëtt Stéierung um Eiffeltuerm bannent nëmmen e puer Deeg. E Samschdeg waren d'Visiteuren zwee Mol wéinst Bommenalarm evakuéiert ginn. A béide Fäll falschen Alarm. E Méindeg de Moien sinn op en Neits Bommen um Eiffeltuerm gemellt ginn, ma dës Kéier gouf decidéiert, dës Meldung net eescht ze huelen.