Etüd: Frae kréie bei Häerzinfarkt op der Strooss méi seelen eng Drockmassage

© AFP Archivbild
Kanadesch Fuerscher hunn iwwer 40.000 Häerzinfarkter ënnersicht a koumen zur Erkenntnis, dass Männer vun Aenzeie méi dacks gehollef kréie wéi Fraen.
De Grond fir den Ënnerscheed ass de Wëssenschaftler no net sou ganz kloer, et kéint awer doru leien, dass et bei enger Fra méi eng grouss Hemmschwell gëtt. An anere Wierder, gëtt sech bei der Fra genéiert, ouni hiert Averständnis, de Broschtberäich unzepaken.
Déi e Méindeg eréischt verëffentlecht Etüd baséiert op Daten aus de Joren 2005 bis 2015 an den USA a Kanada. D'Fuerscher hunn dobäi sämtlech registréiert Häerzinfarkter ënnersicht, zu deenen et baussent engem Spidol koum - bal 40.000 Patienten.
Bei Häerzinfarkter an der Ëffentlechkeet, zum Beispill op oppener Strooss, kruten 61% vun de Fraen eng Häerzdrockmassage, bei de Männer waren et 68%. "Doduerch geet d'Stierflechkeet vu Fraen no engem Häerzinfarkt an d'Luucht, dat steet fest", sou den Noutfallmedezinner Alexis Cournoyer aus dem Sacré-Coeur-Spidol zu Montréal. D'Drockmassage, a wann et ubruecht ass, eng Beootmung wieren de facto déi eenzeg Méiglechkeet, Betraffen um Liewen ze hale bis d'Rettungsekippen ukommen.
D'Grënn fir den ënnerschiddlechen Ëmgang vun Aenzeie bei Häerzinfarkter bei Fraen a Männer konnten duerch d'Fuerscher net gekläert ginn. Eng Hypothees wier, dass Foussgänger bei Frae méi grouss Hemmungen hunn, si am Beräich vun de Brëscht ze beréieren. Donieft géifen Häerzinfarkter bei Frae wuel méi seelen erkannt ginn, sou nach den Alexis Cournoyer. Et géing nach ëmmer de groussen Iertum bestoen, dass just Männer en Häerzinfarkt kréie kënnen.