Méi wéi 200 international Leefer wollte sou séier wéi méiglech op de 86. Stack eroplafen.

Déi mannste Leit géife fräiwëlleg d'Trap huelen, fir op den "Observatory Deck" um 86. Stack erop ze kommen. Dofir ginn et genuch Lifter am bekanntste Gebai vun der Welt. Bei der 47. Editioun vum "Empire State Building Run-Up" war awer genee dat d'Zil.

A verschiddene Leef waren dëst Joer méi wéi 200 Participanten um Start. No 1.756 Träppleker an 320 Héichtemeter war den Italiener Fabio Ruga dee Séiersten. An enger Zäit vun 10 Minutten a 47 Sekonnen konnt hie sech knapp géint e Géigner aus Kuala Lumpur duerchsetzen. Bei siwe Participatioune war et bis elo dräi Mmol fir déi drëtte Plaz duergaangen. De Ruga freet sech schonn op déi nächst Editioun.

Bei de Frae goung d'Victoire un d'Amerikanerin Shari Klarfeld, déi a 14 Minutten a 7 Sekonnen um 86. Stack war.

D'Course war live am Internet iwwerdroe ginn. Kuckt hei nach emol de Livestream:

Duerno hunn d'Luuchten um Empire State Building, de Sportler zu Éieren, violett geliicht: