Äerdbieren am Wanter iessen a kee schlecht Gewësse mussen hunn, dass déi vu wäit hierkommen?

Eng futuristesch Zär a Frankräich kéint elo dobäi hëllefen. Da muss ee sech keng Gedanke maachen iwwer Summer oder Wanter, an deem Haische kann een d’Temperatur regléieren. Rezent gouf dës Konstruktioun virgestallt, dat mat Hëllef vu KI soll funktionéieren. An dat net nëmmen op der Äerd.

Et gesäit scho futuristesch aus. Vereinfacht gesot ass et en Zelt an deem Allméigleches kann ugeplanzt ginn. An d’Liewe geruff gouf dat vun der Firma Interstellar Lab. D’Barbara Belvisi ass hir Grënnerin an och CEO. Dës Hightech-Haische steet zu Ivry-sur-Seine bei Paräis a soll d’Landwirtschaft revolutionéieren.

"De Biopod ass eng immens sofistikéiert Zär, déi den CO2 aus der Atmosphär sammelt, d’Waasser recycléiert an domat d’Konditiounen optimiséiert. Sou kënnen d'Planze méi séier wuessen, andeems mer konkret Moleküller behandelen. Doduerch verbrauche mer och manner Ressourcen. Dat huet dann e manner groussen Impakt op den CO2, wéi wann ee Planzen aus engem anere Land importéiert."

Fir d'Bauere gëtt d'Produktioun deemno relokaliséiert. Da kéinten och Planzen ugebaut ginn, déi ee gewéinlech net geplanzt hätt.

"Vanill uplanzen, mécht an deem Fall extrem vill Sënn. Et reduzéiert den Impakt vum CO2, deen duerch den Transport entstoe géif, immens. An och beim Waasser gesi mer Virdeeler. 99 Prozent vum Waasser gëtt recycléiert an domat nach eng Kéier benotzt. Mir huele ganz einfach den CO2 aus der Atmosphär fir deen dann an eiser Bull ze notzen."

Eng KI suergt fir déi optimal Temperatur, Fiichtegkeet a Luucht.

Vill vun hire Cliente wieren der, déi aktuell mam Klimawandel geplot sinn. Ongewëss Wiederkonditiounen an domat och eng Ongewëssheet, wéi vill Planzen da wuesse maachen hinnen d’Liewe schwéier. Duerch dës Zär kéint een op Nummer Sécher goen. An d’Ressourcë kënnen optimal genotzt ginn.

55 Quadratmeter grouss ass de Biopod, dee sech och liicht transportéiere léisst. Doduerch kéint een e Schrëtt méi wäit goen. Héich eraus.

"Den zweete Projet, un deem mer schaffen, ass dee mat der NASA. Mir wëlle Cuben designen, déi mer dann an enger Raumstatioun installéieren. Da kënne mer also an Zukunft Iessen am Weltraum ubauen. D'NASA huet scho gefrot, ob ee Geméis a Planzen ziichte kann. Dorunner schaffe mer grad."

D'Barabra Belvisi ass dann och aktuell zu Dubai op der COP28, der UN-Klimakonferenz fir do no Investisseuren ze sichen. 350.000 Dollar kascht dee Biopod, deen och um Mound 2027 soll an den Asaz kommen. Fir dass d’Astronauten sech an Zukunft op frëscht Geméis kënne freeën.