Brittescht KinnekshausOperatioun vu Prinzessin Kate war "net wéinst Kriibs"

RTL Lëtzebuerg
Nodeem bekannt gouf, datt déi brittesch Prinzessin um Bauch operéiert gouf a méi laang am Spidol misst bleiwen, hu sech vill Royal-Fans Suerge gemaach.
En Donneschdeg huet de Prënz William seng Fra am Londoner Privatspidol
En Donneschdeg huet de Prënz William seng Fra am Londoner Privatspidol
© AFP

De Kensington Palast huet awer elo matgedeelt, datt d’Prinzessin Kate e Mëttwoch net wéinst Kriibs operéiert gouf. Wat genau de Grond fir d’Operatioun war, gouf awer net bekannt, ausser dat dës scho méi laang geplangt war. Déi 42 Joer al Prinzessin muss wuel bis zu zwou Wochen am Spidol bleiwen, sech dono doheem weider erhuelen a wäert wuel eréischt no Ouschteren nees hire Flichten an der Ëffentlechkeet kënnen nogoen.

Weider war et d’Prezisioun, datt ee sech net méi zum Gesondheetszoustand vun der Fra vum Prënz William géif äusseren, ausser et géif wichteg an nei Entwécklunge ginn.

Back to Top
CIM LOGO