Et ass e Marché, dee boomt. Ma sinn Närstoffer a Form vu Pëlle sënnvoll oder reng Geldverschwendung? Wéi eng Gefore verstoppe sech hannert dëse Preparater?

Mir hunn Iessergänzungsmëttel ënnert d'Lupp geholl

Ech hunn 32 Joer, si weiblech, maache kee Sport an iessen, wat mir schmaacht, ouni ze vill drop opzepassen, wéi gesond et ass. A wa mir éierlech sinn: déi faméis fënnef Grappvoll Geméis an Uebst, déi ee pro Dag soll iessen, erreechen ech net. An esou geet et warscheinlech net just mir. Kee Wonner also, dass vill Leit zu sougenannte Compléments alimentaires gräifen, fir een eventuell ongesonde Liewensstil ze kompenséieren oder einfach d'Gefill ze hunn, sengem Kierper eppes Guddes ze doen. Mëttlerweil gëtt et jo bal fir alles dat passend Mëttelchen: géint Middegkeet, fir eng besser Verdauung, fir eng schéin Haut. Alles eidel Verspriechen?

Halen déi Preparater och, wat se verspriechen? Oder kënne se eisem Kierper vläicht souguer schueden? Dat wëll ech erausfannen an huelen dräi Woche laang all Dag Narungsergänzungsmëttel: fir den Immunsystem, fir méi Energie a fir d'Hoer an d'Neel. D'Produite kafen ech an enger Apdikt. "Et ass schonn e grousse Marché, och fir d'Apdikten", seet den Alain de Bourcy, President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter. "Um Internet ass et natierlech och e ganze Marché, wou sécher net déi Kontroll driwwer ass wéi bei eis an den Apdikten, well mir wëssen awer, wou mir se hier kréien a wéi eng Laboen hannen dru stiechen."

Wéi sécher sinn Narungsergänzungsmëttel?

Dass ee beim Kaf iwwer Internet soll virsiichteg sinn, confirméiert och d'Laurence Zeghers vun der ALVA, der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung. All Joer ginn zu Lëtzebuerg ronn 1.200 nei Iessergänzungsmëttel deklaréiert. An déi ginn all ënnersicht. Ënner anerem op hir Zesummesetzung oder d'Anhale vun den Normen.

Laurence Zeghers: "De Risiko iwwer Internet ass, dass d'Gesetzgebung eventuell net agehale gëtt. An, dass de Marché enorm grouss ass. Dat heescht mir kommen net no mat de Kontrollen. E Problem ass och, dass ee méi oft kéint Substanze fannen, déi mir net kennen, wou mir net wësse wéi se op de Mënsch wierken."

Wat d'Sécherheet vun Narungsergänzungsmëttel ugeet, läit d'Verantwortung eleng beim Produzent.

Laurence Zeghers: "Well et Liewensmëttel sinn, si se fräi verkeeflech. Dat heescht, et ass net sou wéi bei Medikamenter, déi eng ganz schwéier Prozedur fir d'Autorisatioun duerchginn a wou ganz vill Kontrolle sinn, ier se op de Marché kommen. Dat ass hei net."

D'ALVA recommandéiert fir Narungsergänzungsmëttel just op vertrauenswierdege Plazen ze kafen a sech beschtefalls vun engem Gesondheetsexpert beroden ze loossen.

Kënnen esou Ergänzungsmëttel geféierlech ginn?

De Generalist an Ernärungsmedezinner Dr. Steve Hein huet mech bei mengem Selbsttest begleet. Souwuel virum Test wéi och no deenen dräi Woche krut ech Blutt ofgeholl, fir ze kucken, wéi een Effekt d'Compléments alimentaires op mäi Kierper a meng Bluttwäerter hunn. D'Resultat: et huet sech quasi näischt geännert. Ausser mäi Vitamin-D-Spigel. No kuerzer Zäit ass dee Wäert vun 13,3 Nanogramm pro Milliliter, wat engem Mangel entsprécht, op 32,6ng/ml gesprongen. Den normale Beräich fänkt bei 30ng/ml un. Kléngt eigentlech positiv, mee wat wier, wann ech de concernéierte Produit iwwer Méint geholl hätt? Wier et iergendwann zu enger Iwwerdosis komm?

Dr. Hein: "Et ass ganz schwéier ze soen, wéi séier de Wäert weider eropgaange wier. Aus engem Defizit steigt en oft déi éischt puer Woche méi séier un an da méi lues. Mee et ass schonn ze erwaarden, dass een iergendwa kéint an en toxesche Beräich kommen, deen awer relativ héich läit trotzdeem. Dat ass reng spekulativ, ob dat an den nächste 6 bis 12 Méint kéint de Fall sinn. Esou laang soll een déi Supplemente meeschtens och net huelen."

Wouvunner den Dr. Hein ofréit, ass d'Supplementéierung vun de fettléisleche Vitaminnen A an E. De kardiovaskuläre Risiko an de Kriibsrisiko kéinten doduerch nämlech eropgoen.

Hëlt ee par konter ze vill vun de waasserléisleche B-Vitaminnen an, géif den Iwwerschoss einfach iwwer den Urin ausgescheet ginn. A beim Vitaminn C kéint eng Iwwerdosis héchstens zu Duerchfall féieren.

Wat seet d'Wëssenschaft?

Déi meescht Vitaminnen a Mineralie muss een als gesond Persoun ouni Symptomer net zousätzlech a Form vun Narungsergänzungsmëttel anhuelen, esou den Dr. Hein. Gesond Iessen, Sport a genuch Schlof wiere méi effikass.

Wëssenschaftlech Etüden deiten awer zum Beispill drop hin, dass de Vitaminn D an der Erkältungspräventioun eng Roll spille kéint. Läit ee mat senge Vitaminn-D-Wäerter am normale Beräich, géif d'Warscheinlechkeet krank ze ginn, erof goen. Hei schwätzt een awer just vu minimalen Effekter.

Dat selwecht gëllt fir d'Wierkung vu Vitaminn C an Zénk bei enger Erkältung. Déi kéinten nämlech d'Dauer vun der Erkältung ganz liicht verkierzen: dat heescht maximal ëm een hallwen oder ganzen Dag. Den Zénk sollt een dobäi bei den éischte Symptomer an enger héijer Dosis huelen, spréch 75mg/Dag. Awer just wärend der Erkältung, well iwwert e laangen Zäitraum ass dat gesondheetsschiedlech.

Wat de Vitaminn C betrëfft, ass d'Wëssenschaftslag ganz dënn, erkläert den Dr. Hein. Dofir sollt een en haaptsächlech iwwer d'Ernärung ophuelen, "wou dann duerch déi sougenannt Verpackung vum Liewensmëttel – mat all hire Fiberen, sekundäre Planzestoffer an esou weider – warscheinlech déi meescht positiv Effekter z'erwaarde sinn". Eng Supplementatioun géif insgesamt wéineg Sënn maachen a wann, dann nëmme kuerzfristeg am akuten Infekt.

Ënnerschiddlech Recommandatiounen

Wat déi maximal Quantitéite vu Vitaminnen a Mineralien an Narungsergänzungsmëttel ugeet, bezéie mir eis am Reportage op déi offiziell Recommandatiounen, déi zu Lëtzebuerg an engem Règlement grand-ducal vun 2003 festgehale goufen. Vue dass et an der EU keng gesetzlech festgeluechten Héchstquantitéite gëtt, hu vill Länner hir eege Recommandatiounen oder gesetzlech Virgaben eraus ginn. Déi leien deelweis wäit auserneen.

Wat spezifesch déi néideg Versuergung u Vitaminn D ugeet, gëtt et erëm jee no Land ënnerschiddlech Grenzwäerter. Eng rezent Aschätzung vun engem Lëtzebuerger Conseil Scientifique gëtt et hei.

Wie sech weider an d'Thema eraliese wëll, kann dat op folgende Säite maachen:

Multivitamin-Preparater: https://www.eufic.org/de/in-unserem-essen/artikel/multivitamine-nutzen-und-risiken-fuer-die-gesundheit/

Vitamin D: https://medizin-transparent.at/vitamin-d-und-das-immunsystem-was-stimmt/

Zénk (op englesch): https://www.cmaj.ca/content/184/10/E551.short