All Mäerz an Oktober gëtt d'Auerzäit eng Stonn no vir oder no hanne geréckelt. Dat empfannen eng Partie Leit als sënnlos, hat fréier awer berechtegt Grënn.

D'Zäitëmstellung gouf et eng éischte Kéier am Joer 1916 wärend dem éischte Weltkrich. Dat awer fir déi éischte Kéier an Däitschland an am deemolegen Éisträich-Ungarn. Proposéiert gouf d'Zäitëmstellung awer schonn am 18. Joerhonnert vum Amerikaner Benjamin Franklin, deen den héije Käerzeverbrauch kritiséiert huet an eng Aart Zäitëmstellung éischter als Witz proposéiert huet.

Och wärend dem éischte Weltkrich war d'Zil, Energie ze spueren. Am Summer bleift et nämlech méi laang hell. Fir déi natierlech Luucht ze notzen an doduerch kënschtlech Liichtquellen, déi vill Energie brauchen, anzespueren, huet een also decidéiert, eng Summerzäit anzeféieren.

An Däitschland gouf d'Zäitëmstellung awer séier rëm ofgeschaaft, fir dann am zweete Weltkrich rëm agefouert a méi spéit rëm ofgeschaaft ze ginn.

D'Summer an d'Wanterzäit, wéi mir se kennen, gouf dunn no 1977 agefouert. Den Ausléiser war déi deemoleg Uelegkris. Dat war och déi éischte Kéier, dass d'Zäitëmstellung zu Lëtzebuerg agefouert gouf. Dës gouf dunn vun ëmmer méi Länner iwwerholl an 1996 gouf et eng eenheetlech Zäitëmstellung an der ganzer Europäescher Unioun.

Mëttlerweil sënnlos?

D'Zäitëmstellung an de Mini-Jetlag, deen eng Partie Leit duerch de Wiessel vu Summer op Wanterzäit oder ëmgedréint erliewen, gëtt awer ëmmer rëm kritiséiert an och an och op europäeschem Niveau gouf dëst iwwer déi lescht Jore vill driwwer diskutéiert.

A Russland huet een d'Summerzäit am Joer 2014 ofgeschaaft. D'Tierkei huet sech fir d'Summerzäit an géint d'Wanterzäit entscheet. Hei gouf d'Auer fir d'lescht 2016 geréckelt.

Zu Lëtzebuerg iwwerdeems ass een och 2024 nach net um Punkt, d'Zäitëmstellung ofzeschafen.

Wéi dann elo? No vir oder zeréckstellen?

De leschte Weekend vum Oktober gëtt d'Auer an der Nuecht vu Samschdeg op Sonndeg eng Stonn zeréckgestallt. Dat geschitt um 2 Auer Moies. D'Auer spréngt also zeréck op 2 am Plaz op 3 Auer. Esou kann een an där Nuecht theoretesch eng Stonn méi laang schlofen. Op der Nuetsschicht heescht dat awer, dass een eng Stonn méi laang schaffe muss.

De leschte Weekend am Mäerz da leeft d'Spill ëmgekéiert. An der Nuecht spréngt d'Auer vun 2 direkt op 3 Auer a mir verléieren eng Stonn. D'Nuecht gëtt méi kuerz. Freeën dierfe sech déi, déi de Weekend Nuetsschicht hunn. Si schaffen eng Stonn manner.
_________________________________________________
An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.