Relatioune si fir d'Mënschen als soziaalt Wiesen essentiel. Sozial Medie maachen de Kontakt méi einfach, hunn awer en negativen Afloss op Frëndschaften.

Digital Frëndschaften - E Reportage vum Céline Spithoven

Als Kand schéngt et esou einfach. Et sëtzt een zwou Minutten zesummen an der Sandkëscht a schonn huet een en neie Kolleeg fonnt. An de verschiddene Liewensphase verännert sech awer d'Roll vun de Frëndschaften. Wärend Jugendlecher sech dacks vun der Famill distanzéieren a méi mat Kolleegen ënnerwee sinn, wat e wichtegen Deel vum Erwuesse ginn ass, entwéckelt sech dat mam Alter an eng aner Richtung. Mat dem Erwuesse ginn, mat Famill an Aarbecht, wiisst och d’Zuel u Verantwortung – an d’Méiglechkeeten, spontan nei Frëndschaften opzebauen, gi méi kleng. De Gesondheetspsycholog Prof. Claus Vögele erkläert: "Erwachsene gründen oft Familien, es befinden sich mehrere Personen im Haushalt. Somit hat man viel mehr Pflichten als früher, als man alleine in der Ausbildung oder im Studium war. Mit Verpflichtungen geht man weniger aus und beschränkt den Zirkel wahrscheinlich auf Leute, die ähnliche Interessen haben."

Wat eng Frëndschaft ausmécht
Fir de Fuerscher a Professer op der Uni Lëtzebuerg ass eng richteg Frëndschaft net nëmmen eng Bekanntschaft oder digital "Connection". An der Wëssenschaft gouf den Term Frëndschaft mat dräi Charakteristiken definéiert:

  • Verlässlegkeet – een, op deen ech mech och a schlechte Momenter verloosse kann.
  • Freed deelen – een, mat deem ech Spaass hunn.
  • Oppene Gespréichspartner – een, deen do ass, wann ech eppes um Häerz hunn.

Mee wou fannt een haut esou Leit? Déi digital Welt erméiglecht et zwar, séier a vill Kontakter ze knäppen, mee genee do läit och d’Gefor.

D’Illusioun vun onendleche Méiglechkeeten

"Freundschaft kann mit einem Klick anfangen, kann aber auch mit einem Klick beendet werden", warnt de Professer. D’sozial Medie géifen de Leit dacks virgaukelen, dass et ëmmer nach eng besser Optioun gëtt. "Das geht eigentlich gegen das Prinzip der Freundschaft. (…) Wenn der erste Konflikt auftaucht, was in jeder Freundschaft der Fall ist, die Freundschaft direkt zu beenden und sich auf die Suche nach einer besseren Option zu machen – das ist nur eine Illusion."

Et tendéiert een also dacks méi séier opzeginn an et feelt u Verbindlechkeet. Online huet een net onbedéngt dat Gefill, dass ee sech enger Frëndschaft "verflicht" huet. Et fält méi liicht, eng Bekanntschaft ze beendegen, déi nächst schéngt jo just e Klick wäit ewech an déi kéint souguer nach besser sinn. E Phänomen, wat jo och beim Online Dating fir Problemer suergt.

Dobäi kënnt awer och, dass ee sech online ni ganz kenneléiert: "Eine Freundschaft kann mit einem Klick anfangen, aber man muss dann auch die virtuelle Plattform verlassen und sich persönlich treffen, um eine Person komplett kennenzulernen."

Déi jonk a ganz al fille sech am meeschten eleng

Och wann een als Erwuessenen nei Verantwortung a Prioritéiten huet, sinn d'Erwuessener net déi, déi sech eleng fillen. Mee iwwerraschenderweis ginn et zwou Altersgruppen, wou et besonnesch schwiereg ass: déi Jonk an déi eeler Leit. Bei de Jonke spillt d’Digitaliséierung eng grouss Roll. 

Bei eelere Leit kommen nach gesellschaftlech Virurteeler dobäi: Alter gëtt nach ëmmer mat Verloscht a Schwächt associéiert – a vill zéie sech dowéinst am Alter zeréck. Dobäi kënnt, dass am héijen Alter dacks déi bestoend Frëndschafte wéinst dem Doud ewechfalen.

Digital Medien: Chance a Gefor

Digital Medie sinn net méi aus eisem Alldag ewechzedenken. An der Pandemie hu se gehollef, d’Einsamkeet ze briechen. Awer fir de Prof. Vögele ass kloer: "Es war naiv anzunehmen, dass man die digitalen Medien nur richtig gebrauchen muss." Hie plädéiert dofir, virun allem Jonker besser ze schützen an Handyen net an all Altersgrupp onlimitéiert zouzeloossen. Dofir begréisst hien och déi politesch Entscheedung zu Lëtzebuerg, d'Handynotzung an der Schoul anzeschränken. De Gebrauch vun den digitale Medie wier nämlech usprochsvoll. "Junge Menschen verfügen nicht über alle Fertigkeiten, sich vor allen Auswierkungen der sozialen Medien zu schützen."Eng responsabel Notzung misst geléiert ginn an dat am richtegen Alter a Schratt fir Schratt.

Fir hien ass de wichtegste Punkt op sech selwer opzepassen an ze léieren, den Handy och mol op d'Säit ze leeën. "Die Leute laufen im Alltag herum mit dem Blick auf das Handy und sehen gar nicht mehr, welche Menschen ihnen entgegenkommen. Die verpassen das Leben!"

Frëndschaften als Schutz fir d’Gesondheet

Einsamkeet ass e mënschlecht Gefill a gehéiert zum Liewen. Geféierlech gëtt et eréischt, wann se chronesch gëtt. Permanent eleng ze sinn, mécht eis krank – psychologesch wéi och kierperlech. D’Immunsystem gëtt méi schwaach, de Risk fir Depressiounen an Angschtstéierunge klëmmt. De Rot vum Professer ass einfach, mee wichteg: „Geht raus und nutzt jede Gelegenheit, Menschen kennenzulernen.“ Frëndschafte sinn nämlech net nëmmen eng sozial Ressource, mee och en elementare Schutz fir eis Gesondheet.

RTL

© Pixabay