Gro Hoer si fir déi meescht en Zeechen dofir, dass een al gëtt. Dobäi kritt deen een oder anere schonn a sengen Zwanzeger déi éischt Gro Hoer.

Hoer kréien hir Faarf duerch d'Pigment Melanin. Wéi eng Hoerfaarf ee vun Natur aus huet, hänkt dovun of, wéi vill Pigmenter am Kierper gelagert sinn, mä och, wéi ee Genre Melanin méi present ass. Et ginn nämlech zwou Zorten: Eumelanin an Phäomelanin.

Wann een donkel Hoer huet, huet ee méi Eumelain wéi Phäomelanin. Wann een hell Hoer huet, huet ee méi Phäomelanin wéi Eumelanin.

Leit, déi Albinismus hunn, also komplett hell Hoer an Haut hunn, hu keng Melaninnen.

Ma egal op ee blond, brong, schwaarz oder rout Hoer huet, déi meeschte Leit wäerten iergendwann ufänke gro ze ginn.

Dobäi sinn Hoer net wierklech gro. Et ass eng Mëschung aus pigmentéierten Hoer an Hoer ouni Pigmenter. Dëst wierkt dann gro.

Am Laf vum Liewen hëlt d'Produktioun vum Melanin am Kierper of. Doduercher sinn d'Hoer manner pigmentéiert a wierke gro. Dat kënnt dacks mam Alter, mä et ginn och eng ganz Partie Leit, déi och scho fréi ufänken gro Hoer ze kréien. Am Duerchschnëtt kréie Mënsche mat 30 Joer hir éischt gro Hoer. Bei anere fänkt et da vill méi spéit un.

Wärend et fréier fir muncher penibel war schonn am jonken Alter gro ze ginn, sou soll dëst hautdesdaags keen Zeeche méi vun Alter sinn. Rezent war et souguer bei e Jonken am Trend, sech d'Hoer gro ze fierwen.

____________________________________________________

An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.