Wéi dacks sollt ee Bettwäsch, Zännbiischt & Co wiesselen?

Am Haushalt ginn et eng ganz Partie Saachen, déi mir all Dag benotzen. Dobäi gëtt heiansdo komplett vergiess, och dës Produite mol auszetauschen.
Zänn wäschen - awer richteg
D'Zännbiischt kënnt bei deene Meeschten op d'mannst zweemol den Dag an den Asaz. D'Biischt an d'Zanpasta soll eis Zänn propper halen, Iessensreschter verschwanne loossen a virun Entzündunge schützen. Ma eng Zännbiischt kann hir Aarbecht awer just erfëllen, wann och dës selwer nach ganz ass.
Zänndokteren an Experten recommandéieren d'Zännbiischt op d'mannst all 3 Méint ze wiesselen oder scho virdrun, wann dës ze staark ofgenotzt ass. Enger Etüd vun 2018 no maachen dat och ronn een Drëttel vun de Leit. Bal 20 Prozent vun de Befroten hunn awer uginn, d'Zännbiischt souguer all Mount ze wiesselen.
Wichteg wier et den Experten no, dass d'Zännbiischt direkt ausgetosch gëtt, wann ee krank war. Hei kéinte sech soss nämlech all d'Bakterien a Viren op der Biischt usammelen.
Frësch aus der Dusch an e proppert Bett - oder net méi esou proppert Bett?
Wann ee bedenkt, dass de Mënsch ronn een Drëttel vu sengem Liewen am Bett verbréngt, kléngt et logesch, dass dës reegelméisseg muss gewiesselt ginn.
Mee wat heescht reegelméisseg? Do ginn d'Meenungen auserneen. Bei deenen enge steet dëst all Woch um Programm, anerer wiessele se, wann et gutt geet all zwee Méint eng Kéier. Eng brittesch Etüd vun 2022 huet gewisen, dass besonnesch d'Single-Männer domat Problemer hunn. D'Hallschent vun hinnen hat bei der Ëmfro uginn, hir Bettwäsch nëmmen all véier Méint ze wäschen.
Dobäi sollt een dëst spéitstens all zwou Woche maachen. Doduerch dass d'Mënschen sou vill Zäit am Bett verbréngen, sammele sech hei nämlech Mikroben, ofgestuerwen Haut a Schweess. Dat ass en ideale Närbuedem fir Bakterien a Milben. Méi dacks Wäsche lount sech also.
D'Matrass iwwerdeems soll ee spéitstens no 8 Joer wiesselen an d'Kappkëssen no ronn 3 Joer, och wa béides duerch d'Bettwäsch am Alldag protegéiert gëtt.
E dreckege Schwamm fir propper Spull?
Wéi schonn bei der Bettwäsch gëtt och de Spullschwamm net dacks genuch gewiesselt. Hei sammele sech Millioune vu Bakterien, déi mir beim Spullen dann op eisem "proppere" Geschier verdeelen. De Schwamm soll eemol d'Woch getosch ginn, och wann en nach ok ausgesäit. Dat Selwecht gëllt fir d'Spulllomp an d'Kichendiicher.
Wechgeheie muss een dës awer net. Schwamm, Lomp & Co kann ee bei 60 oder 90 Grad an der Wäschmaschinn wäschen.
Wa mir scho bei Wäschen a Botze sinn, och eng Toilettëbiischt muss mol ersat ginn. Déi klassesch Biischt soll all 3 bis maximal 6 Méint ersat ginn. Soss verbreet een domat just Bakterien an der Toilette amplaz dës domat ze botzen. Méi nohalteg sinn Toilettëbiischten aus Silikon. Déi si méi einfach ze botzen an d'Mikrobe setzen sech net sou fest. Mä och dës soll net gehale ginn, bis een der Biischt de Gebrauch ugesäit.
Natierlech ginn et nach eng Partie aner Produiten a Géigestänn, déi reegelméisseg sollen ausgetosch ginn. Hei e puer Beispiller:
- Schneidbriedchen - all Joer austauschen, wann dës zerkraazt sinn
- Dëppercher aus Plastik - All 8 bis 12 Méint tauschen, wann dës all Dag gebraucht ginn.
- Behälter vun de Kontaktlënsen - all 3 Méint
- Bueddicher - 2 bis 3 Mol d'Woch
- Gilletten - all 2 Wochen
____________________________________________________
An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.
Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.