Als Kand huet een et gehaasst, d'Erwuessener wënsche se sech gär emol: d'Mëttesrascht.

No der Mëttegpaus an engem gudden Iesse kann ee mol e bësse midd ginn. Am Léifste géif ee sech dann einfach eng Stënnchen op d'Couche leeën a raschten, esou wéi een dat als Kand fréier gemaach huet. Duerch d'Aarbecht ass dëst fir déi mannste Leit am Alldag méiglech. Ma wann een dann eng Kéier Zäit huet, en Tëmpchen ze halen, da ginn et e puer Feeler, déi ee vermeide soll. Soss ass een duerno nämlech nach méi midd wéi virdrun.

Schwätze mer vum klassesche "Powernap", dann soll d'Rascht net méi laang si wéi 15 Minutten. Hei kënnt een nämlech just an d'Phas vum liichte Schlof. De Kierper ka sech erhuelen an et ass wëssenschaftlech beluecht, dass een déi nächst zwou bis dräi Stonne méi konzentréiert a produktiv ass.

Méi laang ass net ëmmer besser

Oppasse sollt een dann, wann et iwwert de klassesche Powernap erausgeet. No 20 Minutten fält de Kierper an den Déifschlof. De Bols geet erof an d'Ootmung ass méi lues. Wann een no enger oder zwou Stonne rëm wakereg gëtt, brauch de Kierper méi laang, fir rëm z'erwächen.

Wëll een also tatsächlech nëmmen en Tëmpchen halen an duerno weiderschaffen. ass kuerz besser wéi laang an déif.

____________________________________________________

An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.