Esou wéi mir vun Dezember op Januar an en neit Joer erafeieren, ass fir gleeweg Moslemen Uganks Juli e ganz besonneschen Dag.

De 7. Juli 2024 ass dat islamescht neit Joer a gëllt als eent vun de wichtegste Fester am islamesche Glawen. Den Dag riicht sech no der islamescher Zäitrechnung. Deemno war de 16. Juli 622 eiser Zäit no den éischten Dag vum éischte Joer an der islamescher Zäitrechnung. Dëst war d'Joer, wou de Prophet Mohammed a Saudi-Arabien vu Mekka op Medina ausgewandert ass. Dëse Juli fänkt dem muslimesche Kalenner no d'Joer 1446 un.

De muslimesche Kalenner riicht sech nom Mound. E Joer huet 12 Moundméint, déi 28 oder 29 Deeg laang sinn. Domat ass e muslimescht Joer tëscht 10 an 12 Deeg pro Joer méi kuerz, wéi d'Sonnejoren nom chrëschtleche Kalenner.

Wéi gëtt gefeiert?

Dat neit Joer gëtt an de muslimesche Länner traditionell mat Blosinstrumenter agelaut. Party a Freedefeier, wéi mir et op Silvester kennen, gëtt fir dat islamescht Neijoer awer net organiséiert. Dëst ass nämlech an der islamescher Kultur éischter e Gedenkdag a kee Feierdag. Verschidde Famille kommen op dësem Dag awer zesummen, iessen a gedenken zesummen.