"E glécklechen Zoufall": D'Jenny tauscht d'Klassenzëmmer géint den Tattoostudio

An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.
Zu Irrel, just e puer Kilometer vun Iechternach ewech, hunn ech d'Jenny Schumacher am Tattoostudio, wou si schafft, begéint. Am Gespréich mat der jonker Fra ass kloer ginn, datt Tätowéierer an der Jugend net wierklech op der Lëscht vun den Aarbechte stoung, déi d'Jenny wollt maachen.
"Ech war net wierklech virbereet"
D'Jenny erzielt, datt si als Kand frou mat Déiere war an eppes an där Richtung maache wollt. "Veterinär eventuell", well d'Notten an der Schoul gutt waren. Wéi si méi al ginn ass, huet sech ëmmer méi erauskristalliséiert, datt ee fir dësen Dramberuff awer laang studéiere misst an et och e schwéiere Studium wier. Du koum vun den Elteren: "Géi dach bei de Staat", respektiv "Du bass dach gutt an der Schoul, wisou gëss de net Joffer."
Well si deemools scho gutt an de Sprooche war a gär gezeechent huet, waren dës déi zwou Optiounen, déi d'Jenny sech hätt kéinten am Lycée virstellen. Eng Porte Ouverte huet dunn d'Richtung virginn: Artistique, "well se do Saache gemaach hunn, wou ech emol net wosst, datt dat an der Schoul ugebuede gëtt". D'Proffen hunn d'Jenny an hirem Choix ënnerstëtzt, well wann op der Artistique d'Notte gutt sinn, kéint een nach ëmmer Veterinär ginn. Hätt et den DAP fir Tätowéierer deemools scho ginn, wier déi Sektioun awer net a Fro komm, esou d'Jenny. Am Lycée war d'Zil, fir um Classique ze bleiwen.
Wisou also net Joffer ginn?

No der Première war d'Jenny net wierklech virbereet, wat si soll ginn an d'Fro "Wat mëss de dann elo" gouf dunn eminent. Well et awer fir vill Umeldungen ze spéit war an d'Jenny net doheem wollt sëtzen, huet si sech fir e Philosophie-Studium ugemellt. Dat war et awer net wierklech: "Dat schlëmmste Fach fir mech war einfach Latäin". Dono huet déi jonk Fra, déi knapp aus dem Lycée war, sech dozou decidéiert, fir als Remplaçante am Schoulsystem ze schaffen an esou ze testen, ob dat eng Richtung fir si wier. "Dat huet mer gefall", seet d'Jenny iwwert déi Zäit.
Fir an déi Richtung weiderzekommen, huet d'Jenny e Studium op der Uni Tréier ugefaangen: Germanistik a Konschtgeschicht, eng Kombinatioun vu Fächer, déi si an der Schoul scho gären hat. Ma de Plang vun der Joffer, respektiv vum Däitschproff war séier ausgedreemt, wéinst Leit, ënner anerem dem eegene Brudder, déi schlecht Erfarunge gemaach hunn a laang an der Loft houngen. "Ech wëll awer net e Master maachen, fir dono näischt domadder unzefänken", oder éiweg als Chargée ze schaffen, éier een iergendwann Proff gëtt. A mat der Konschtgeschicht an de Musée sëtze goen... Nee Merci.
"Pleséier um Zeechnen huet mer den Aarsch gerett"
An der Summervakanz hat d'Jenny Schumacher scho méi dacks d'Iddi, fir an engem Tattoostudio als Shopmanagerin auszehëllefen. An nodeem e Bekannten der Jenny hir Zeechnunge gesinn huet, huet dëse sech gefrot, ob si net als Tätowéierer géif schaffen. Well dat net de Fall war, huet de Bekannten hir emol eng Adress ginn, wou si e Stage kéint maachen. An esou koum déi jonk Fra fir e Stage vun enger Woch op Ulmen. Aus enger Woch goufen der véier, d'Uni gouf geschwänzt, an den éischten Tattoo op eng Silikonhaut gouf gestach. Eng Rous hatt d'Jenny gemaach, déi awer éischter wéi "e Blumenkohl" ausgesinn huet. An där Zäit ass dem Jenny kloer ginn, datt d'Studéiere fir si nach just eppes Abstraktes wier. Si hat beim Tätowéierer d'Gefill, datt dëse Beruff hir Spaass mécht. Eppes, wat si ni op der Uni hat.
Duerch dës Erfarung an och duerch d'Hëllef vum Besëtzer vum Shop zu Ulmen koum d'Jenny dunn an de Studio op Irrel, fir hei hir Ausbildung ze maachen. Dëst huet awer bedeit, en neie Stage ze maachen an dono eng richteg Ausbildung unzefänken. Esou eng Formatioun, déi nach guer net als Ausbildung unerkannt war, huet awer am Ufank Sue kascht a keng abruecht. "Ech hunn dat, wat ech mer duerch d'Schaffen als Remplaçante verdéngt hunn, genotzt, fir meng Formatioun ze finanzéieren", seet d'Jenny. Donieft hunn awer och hire Frënd, mat deem si zu Tréier lieft, an hir Eltere si finanziell ënnerstëtzt.
"Och Corona hat seng positiv Säiten"
Fir kënnen ze tätowéieren, huet d'Jenny nämlech am Studio mussen e "Kleingewerbe" an Däitschland umellen an e Raum am Studio vun hirem Ausbilder Eugen lounen. Dëse Loyer war dann och d'Ausbildungsgeld fir de Besëtzer vum Studio, an deem si och haut nach schafft. D'Formatioun huet ronn annerhalleft Joer gedauert. Den Ufank, also wou d'Jenny hir Entreprise umelle wollt, ass matten an d'Corona-Zäit gefall. Dëst huet bedeit, datt een als Tätowéierer an Däitschland net dierf schaffen. D'Dier, fir zeréck an den Enseignement aushëllefen ze goen, war op, mä d'Jenny huet d'Optioun net gezunn. Zwee Méint laang war d'Jenny doheem an huet vill gezeechent, hiren Instagram opgebaut a sech am Internet Motiver a Stiler ugekuckt. Esou koum si op den "Neo Traditional", e Stil, dee si un Arts Nouveau a Jugendstil erënnert, wat hir am Lycée scho richteg gutt gefall huet. "D'Artistique huet mer awer eppes bruecht. Wien hätt dat geduecht."
Wisou grad Däitschland?
Éischter als e "pueren Zoufall" kéint een Däitschland elo bezeechnen. D'Jenny ass op Tréier komm duerch hiren neie Frënd a koum duerch eng Lëscht mat Tätowéierer, déi si ausbilde kéint, op Irrel. Geplangt war Däitschland ni wierklech, seet d'Jenny. Beruffstechnesch gesäit si sech an Zukunft net zu Lëtzebuerg, och wann et net ganz auszeschléissen ass. Tätowéierer "ass e Beruff, deen's de iwwerall kanns ausüben". Déi jonk Tätowéierin ass gären op de Conventions ënnerwee, kéint sech awer och emol virstellen, als Gaaschttätowéierer an anere Studioen op ganz anere Plazen ze schaffen. Skandinavien, zum Beispill, well se do ganz flott Tattooe maachen, oder och a Spuenien, well do vill an hirem Stil geschafft gëtt. En eegene Studio opzemaachen, ass am Moment net de Plang, dëst ass nämlech nach mat ganz aneren Hindernisser verbonnen an aktuell schafft d'Jenny ganz gären an deem Studio, wou si och hir Formatioun gemaach huet.
"Ech hu verdammt vill Gléck gehat"
Esou beschreift d'Jenny réckbléckend déi lescht Joren. Si huet antëscht vill Leit kennegeléiert, och aktuell Aarbechtskolleegen, déi et ganz schwéier haten, een Tätowéierer ze fannen, dee si forméiert. Verschiddener goufen och vun hirem Ausbilder ausgenotzt. "Ech kenne Leit, déi hu 5 oder 6 Joer just Virlage gemoolt fir en aneren Tätowéierer, ouni jeemools selwer dierften ze tätowéieren." Ma net just an deem Beräich war d'Gléck op der Säit vum Jenny. Well och hire Frënd an hir Elteren, déi Ufanks iwwerhaapt net begeeschtert waren, datt si d'Klassenzëmmer duerch den Tattoostudio getosch huet, stoungen hannert der jonker Kënschtlerin an hu si ënnerstëtzt, wou et nëmme gaangen ass.

Op den DAP am Tätowéieren, dee jo zu Lëtzebuerg agefouert gëtt, ugeschwat, fënnt d'Jenny dat eng gutt Saach. Béid Säiten, also esouwuel d'Ausbilder wéi och d'Schüler, géife vun esou engem geuerdente Plang profitéieren, fënnt déi jonk Fra. Béid Säite wieren duerch dës Formatioun virun Abus geschützt. An de Risiko, datt d'Schüler vun de Studioen ausgenotzt ginn, géif domadder däitlech zeréckgoen. D'Schoul wier dann an deem Moment och do, fir e gewëssent Grondwëssen ze vermëttelen, sief et vun de Maschinne selwer oder awer och vun der Hygiène, déi an hirem Aarbechtsberäich eng ganz wichteg Roll spillt. Och ze wëssen, datt deng Ausbildung unerkannt an net just "Wischi Waschi" ass, huet fir si eppes Positives a mécht de Beruff méi seriö.
Dräi Froen un... d'Jenny Schumacher