
E Mëttwoch géint 13 Auer huet et am Beräich vun der Sakramentskapell vum Tréierer Doum ugefaangen ze schierpsen. Ausléiser fir den ongewéinleche Kaméidi ware 50 Mëttelmiergrillen, déi e Mann an engem Kartrong mat an d'Kierch bruecht a fräigelooss hat. Duerno wier hien erëm gaange gewiescht.
Eng Aenzeien huet de 72 Joer ale Mann verfollegt an d'Police alarméiert, déi de presuméierten Täter nëmme puer honnert Meter vum Doum ewech ugetraff hunn. An der Hand hat hien den eidele Kartrong, op deem "Mittelmeergrillen, 500 Stück, Einzelfutter" drop stoung.
Géint de Mann gëtt elo ermëttelt wéinst dem Verdacht vun der Stéierung beim Ausübe vun enger Relioun. Beim Urteel kann et vun enger Geldstrof bis hin zu dräi Joer Prisong goen. Firwat hien d'Déieren an der Kierch ausgesat huet, wollt de Mann net soen. De Bistum Tréier hat de betraffene Beräich späre gelooss, fir et dem Hausmeeschter z'erméiglechen, d'Grillen ewech ze maachen. Dobäi gouf preziséiert, dass keng chemesch Mëttelen an den Asaz komm wieren.