D'Hotelsschoul zu Dikrech entwéckelt Iesse fir de Weltall
Iessen am Weltall, wéi muss dat sech wuel ufillen? Astronaute behaapten, dass een do uewen d’Liewensmëttel aneschters schmaacht.
Ëm esou méi schwéier ass et, hei ënnen op der Äerd eppes ze entwéckelen, wat herno all d'Natiounen do uewen och gär hunn. D'Hotelsschoul vun Dikrech huet sech awer dësem Challengen ugeholl an hunn un der NASA Hunch Culinary Challenge deelgeholl. Wichteg heibäi ass, dass d’Astronauten an hirem Moiesiessen herno och dat hunn, wat hire Kierper brauch.
Dobäi kënnt, dass d'Struktur an d'Konsistenz vun hirem Produit net zerbréckelt oder Grimmele mécht. Wie schonn am Weltall war, an dat waren der scho 575 Persounen, déi wëssen, dass d'Iessen do uewe méi wéi engem Krittär entsprieche muss. Schonn eleng wat hir elektronesch Instrumenter ugeet, do si Grimmelen net esou beléift.
Wéi opwänneg ass esou e Projet, a wéi hunn déi zukünfteg Käch a Kächinnen se sech geschloen? Dat gitt Dir bei eis am Reportage gewuer.