Däitschland gehéiert zu deene Länner, déi am meeschte Lëtzebuerger Studenten unzéien.

D'Stad Freiburg ass nëmmen 3 Stonnen a 15 Minutte mam Auto vun eiser Haaptstad ewech, gëtt héich geschätzt fir seng Proximitéit zum Grand-Duché awer och fir hire Charme, hir Geschicht an hir Kultur.

Déi 22 Joer jonk Rachel Backendorf ass eng Lëtzebuerger Studentin, déi zanter 3 Joer an dëser Stad a Baden-Württemberg wunnt.

An dëser Reportage verréit si eis d’Geheimnisser vum Studéieren am Weste vum Schwarzwald.