Franséische Buergermeeschter verbitt schlecht Wieder per Dekreet

© AFP Symbolbild
E Buergermeeschter a Frankräich huet es genuch mam onsummerleche Wieder.
Ganz nom Mott "Schluss mam Reen" goufen zukünfteg Nidderschléi einfach mol verbueden.
"Et ass virgeschriwwen, dass vum 15. Juli un an an den nächste Méint August, September an dat bis an den Oktober eran de Reen ophält an duerch liichte Wand a Sonnestralen ersat gëtt." Sou steet et am Uerder, deen een awer lo net sou ganz eescht huelen dierf an deen den Daniel Marrière, Buergermeeschter vu Coulonces an der Normandie, op Facebook verëffentlecht huet.
Wat d'Temperature betrëfft, déi sollen an där Zäit daagsiwwer tëscht 30 a 35 Grad leien an nuets héchstens bis op 20 erofgoen.
Fir d'Ëmsetze vum Dekreet an der 227-Awunner-Stad wieren d'Paschtéier, well déi en "direkten Drot zum Jenseitegen" hätten. Dat beseet den Artikel 3 vum Uerder.
Wéi op villen anere Plazen an Europa, wëll et och a Frankräich einfach net ophale mat reenen. "Sou ee Wieder an dëser Joreszäit hunn ech nach ni erlieft", sou de Marrière géintiwwer AFP. En Dënschdeg war den Himmel sou séier zougezunn an et hat sou hefteg gereent, dass hie scho virmëttes doheem hätt missen d'Luuchten umaachen.
"Et ass de Moment, fir d'Leit zum Laachen ze bréngen", sou nach de Buergermeeschter vu Coulonces. Op Facebook waren d'Leit op alle Fall begeeschtert vu senger witzeger Iddi. Mol kucken, ob se dann och eppes bréngt...