Wéi et am Communiqué heescht, soll den éischte Restaurant am Centre Commercial Belval Plaza seng Dieren opmaachen. Hei solle 70 Plazen entstoen.

Um Belval Plaza wëll een och Studenten eng Aarbecht bidden, dowéinst hätt KFC och schonn eng Konventioun mat der Uni Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Dëse soll am Oktober 2024 seng Dieren opmaachen an déi éischt zukünfteg Mataarbechter huet ee schonn ënner anerem um RTL JobDag gesicht. Bis an den éischten Trimester 2025 wëll een an dësem Restaurant bis zu 70 Mataarbechter schaffen hunn.

Weider Restaurante vun der US-Fast-Food-Chaîne, déi sech op Poulet spezialiséiert huet, sollen am Laf vun den nächste Joren zu Lëtzebuerg opmaachen, dat esouguer schonn 2025. Hei rechent ee mat am Duerchschnëtt 60 Membere Personal.