E Mëttwoch ass de Budget 2027 virgestallt ginn. Wat ass eigentlech e Staatsbudget? A wat ass am Budget 2027 fir d'Kanner virgesinn? Mir ginn deene Froen no.
A Frankräich ginn zanter zwou Wochen d'Lycéesschülerinnen a Schüler op d'Strooss. Mir erklären, wourëms et do geet a wéi eng Konsequenzen d'Protester bis elo haten. Och a Spuenien goufen et grouss Demonstratiounen. Hei geet et ëm Wunnengen, déi ëmmer méi deier ginn - an och hei ginn et scho Konsequenzen.
An no 21 Joer huet den argentinesche Futtballspiller Lionel Messi säi leschte Match fir d'Nationalekipp gespillt.
Am Reportage geet et ëm d'Sportaart "Boulderen". Dat ass bësse wéi klammen an awer ginn et Ënnerscheeder. D'Wuert kënnt vum englesche Wuert "Boulder", wat esou vill wéi Fiels heescht. Do huet d'Sportaart och ugefaangen - mat Leit, déi op Fielse geklomme sinn. Am Reportage gi mir awer an eng Hal, déi extra fir dëse Sport ageriicht ass.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.