Néng Fluchgesellschafte just mat zwee Stären ausgezeechent, keng mat just engem

© AFP (Archiv)
All Joer hëlt Skytrax d'Fluchgesellschaften ënnert d'Lupp an erstellt un Hand vun enger Ëmfro bei Millioune vu Passagéier e Ranking vun den Airlines.
Grad wann et drëm geet, déi beschte Gesellschaften erauszefilteren, esou gëtt een dat ëmmer nees am Laf vum Joer gewuer. An do héiert ee säit Joren ëmmer déi dräi selwecht Nimm: Qatar Airways, Singapore Airlines an Emirates, woubäi dëst Joer eng dovunner vu Skytrax just nach véier Stäre krut. Iwwert déi schlecht Gesellschafte gëtt éischter wéineg gesot.
Ma um Site vu Skytrax kann een dës u sech séier erausfannen. Hire Ranking geet vun engem Stär (ganz schlecht) bis fënnef Stären (excellent). Si betounen awer selwer, datt dëse Stäresystem näischt mat der Sécherheet vun de Maschinnen ze dinn huet, mä sech eleng op d'Erfarunge vun de Passagéier an op d'Leeschtung vum Service baséiert.
Dëst Joer krut da keng Fluchgesellschaft just ee Stär. Dësen Titel ass an de vergaangene Joren ëmmer nees un Air Koryo aus Nordkorea gaangen, ma zanter Corona assuréiert d'Fluchgesellschaft aus dem diktatoresch gefouerte Land keng Linneflich méi a gëtt dowéinst net méi an dëser Lëscht consideréiert.
Op zwee Stäre* kommen dann néng verschidden Airlines:
- Airblue (Pakistan)
- Boliviana de Avacion (Bolivien)
- LAM Mozambique Airlines (Mosambik)
- Nouvelair (Tunesien)
- Onur Air (Tierkei - gëtt et net méi)
- PIA Pakistan International Airlines (Pakistan)
- Tunisair (Tunesien)
- Viva Aerobus (Mexiko)
- Viva Air (Kolumbien)
Ganzer 10 Fluchgesellschafte goufen da mat fënnef Stären* ausgezeechent:
- ANA All Nippon Airways (Japan)
- Asiana Airlines (Südkorea)
- Cathay Pacific Airways (Hongkong)
- EVA Air (Taiwan)
- Garuda Indonesia (Indonesien)
- Hainan Airlines (China)
- Japan Airlines (Japan)
- Korean Air (Südkorea)
- Qatar Airways (Qatar)
- Singapore Airlines (Singapur)
Eis national Fluchgesellschaft Luxair kritt véier vu fënnef méigleche Stären.
*Dëse Ranking geet dem Alphabet no an huet keng intern Gewiichtung