Wat hunn dës dräi Saache mateneen ze dinn? Eis Socials-Ekipp presentéiert iech 3 Videoen, déi op de soziale Medien dëse Mount geboomt hunn.

E puer Wierder zu dëser éischter Editioun:

Hautdesdaags géing ee bal mengen, datt all Dag een neien Trend d'Social Media-Welt dominéiert. Domat géif een emol guer net sou falsch leien! Matzehalen, ka sech wéi eng Vollzäitaarbecht ufillen, mee keng Angscht. Dofir si mir hei - är RTL-Social Media-Ekipp! All Mount verbrénge mir Stonnen a Stonnen op, jo, de soziale Medien an heiansdo stousse mir op Videoen, déi eiser Meenung no entweder hëllefräich, "Gespréichsureeger" oder einfach nëmme witzeg sinn - a mir wëlle se mat Iech deelen!

De Mount Juli war eng Achterbunn: D'Erëffnung vun den Olympesche Spiller,  den Tomorrowland, a politesch war et och net grad langweileg: De Präsident Zelenskyi gouf mam Präsident Putin verwiesselt, Nord- a Südkorea hu sech eng "shitshow" geliwwert (an all Sënn vum Wuert) an natierlech huet d'Kamala Harris den Joe Biden als Presidentschaftskandidatin ofgeléist.

An zanterhier ass der Harris hiren TikTok-Account Kamala HQ explodéiert. Op eng charmant, kapabel an awer lëschteg Aart a Weis ginn hei d'Trends vun de jonken nogemaach an d'Campagne virgestallt. An dat alles am Langage vun der Gen Z, Stéchwuert "brat summer". Eng Wendung, déi, ofgeleet vum "hot girl summer" vu virun e puer Joer, sou vill bedeit wéi ganz nonchalant, quasi rebellesch, duerch de Summer ze goen. Eng "brat" ass den Highlight op der Party, mee si steet ganz ouni Excusen zu sech selwer a léisst sech net ënnerkréien (wéi an dësem TikTok). Dat huet dem Kamala Harris hir Socials-Ekipp iwwerholl an ass mat där Approche ënnert de Jonke viral gaangen.
 
[Et schéngt ze klappen: D'Wieleraschreiwunge vun neie Wieler ass an den éischten 48 Stonnen no der Annonce vum Joe Biden ëm 700% eropgaangen.]

@snoopdogg Olympic Trialin 🏅📺🎶🇺🇸@NBC Olympics & Paralympics ♬ Gz and Hustlas - Snoop Dogg

Wien hätt geduecht, datt mir eng Kéier an enger Zäit liewen, an där de Snoop Dogg Moderator fir den offiziellen NBC Olympics Profil ass? Ëmmer méi Duersteller aus der Popkultur ginn engagéiert fir d'Kommunikatioun mat - an den Engagement vun - Jonker ze boosten. A wann een dat sou fräi soen duerf - sou ee Snoop Dogg ass dach einfach méi witzeg ze kucken, wéi wat ee soss gewinnt ass 🤷‍♀️ An et schéngt ze funktionéieren, well den NBC-Account hat wuel nach ni sou vill Klicks!

Wat wier e Social-Media-Artikel ouni en Danz-Trend?! Hei wier den "Apple"-Danz vum Kelley Heyer de klore Gewënner; den Danz huet d'For You Page iwwer de ganze Juli dominéiert. An dësem Video gëtt d'Choreographie vun de Createure Brookie an Jessie gedanzt, zwou Dänzerinnen, déi fir hire witzegen Danzstil bekannt sinn.

"Apple" ass ee Lidd um neiste "brat"-Album vun der Popikon Charli XCX - jo, déi selwecht "brat", wéi och well uewen erwäänt! Queer Artiste wéi d'Charli, den Troye Sivan oder d'Chappel Roan ginn de Moment duerch de Plafond - op de Socials, awer och um Radio. Lauschtert emol ran!