Vun e Freideg den Owend un an nach bis en Dënschdeg mat ass an de Stroossen zu Dikrech e bësse méi lass.

D'Wuerzele vum Volleksfest an der Nordstad ginn op 1939 zeréck. Do gouf et am alen Dikrech e Fest am Kader vun den Onofhängegkeetsfeieren. Haut ass Al Dikkrich eng fest Gréisst am Norden an dauert puer Deeg. Traditioun gouf Al Dikkrich awer eréischt am Joer 1968 erkläert hire President Frank Rosch. Dat et e Succès bliwwen ass läit un Dikrech selwer. Vill Leit sinn hei an d'Schoul oder an d'Arméi gaangen an hunn en Zuch zu Al Dikkrich oder der Stad selwer. Och vill Leit aus dem Norden zitt et fir dës Zäit an d'Ieselsstad. Al Dikkrich gouf zu engem Treffpunkt am Summer, wou all Mënsch sech erëmgesäit.

Den leschten Dag vun Al Dikkrich, den Dënschdeg, ass "The Place to be". Um Biergerdag komme vill Leit, och aus dem Süden oder aus der Stad, ganz flexibel op Dikrech. De Frank Rosch mengt, datt Dënschdeg en Avantage huet par Rapport vum Weekend, wou d'Leit eppes mat der Famill maachen. Och sinn um Weekend soss méi Saachen am Land lass, esou datt si dënschdes gären op Dikrech kommen. Bei den Organisateure stréckt een dofir och d'Käpp zesummen, fir ze kucken, wat een op den aneren Deeg kann ubidden. Esou ass zanter 20 Joer de Méindeg de "Kaarten-Dag" an do gëtt op Al Dikkrich Kontramitt gespillt.