Ofgelaf, awer nawell nach gutt?
Mir erklären, firwat Fleesch vill méi empfindlech ass wéi e Jugurt. A wourun een erkennt, wéi laang een en ofgelafene Jugurt nach iesse kann. Wéi eng Roll spillt d'Keelt beim Verdierwe vu Liewensmëttel an op wat muss ee bei Konserven onbedéngt oppassen?
Mikroorganismen iwwerall
Ouni Mikroorganisme géif et verschidde Liewensmëttel guer net ginn oder si hätte manner Goût. An heiansdo iesse mer esouguer Schimmelpilzer. An och de Geroch vu frëschem Reen a Schweess kënnt vu Mikroorganismen.
Schwamp-Fuerschung um Belval
Et ass déi spannend Fro, wat de Kicheschwamp mat eisem Mikrobiom ze dinn huet. Dee steiert eis Verdauung, den Immunsystem an hält eis gesond. Fuerscher wëllen duerfir besser verstoen, wéi de Mikrobiom genee funktionéiert. An dobäi soll de Schwamp hëllefen. Déi eeklegst Bakterie-Schleider doheem, oder?
De Pisa kënnt méindes um 19h00 op der Tëlee an elo schonn op RTL Play.