
Dat, well si an engem Prozess ëm Steierhannerzéiung zu Onrecht verurteelt gouf. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, begrënnt d'Geriicht seng Decisioun domadder, datt d'Autoritéiten net genuch Beweiser dofir haten, datt d'Sängerin 2011 méi wéi 183 Deeg a Spuenien verbruecht huet an domadder steierflichteg gewiescht wier. D'Shakira war an der Suite dozou verurteelt ginn, eng Zomm a Milliounenhéicht zeréckzebezuelen.
De Geriichtshaff hätt eng eegen Zielung gemaach a wier dobäi op nëmmen 163 Deeg komm, déi si a Spuenien verbruecht huet. Dowéinst hätt den "Zentrum vun hire wirtschaftlechen Interessen" net a Spuenien geleeën. D'Shakira misst dowéinst ronn 24 Milliounen Euro Akommessteier an eng Strof vu bal 25 Milliounen Euro, wéi och weider Strofe mat Zënse rembourséiert kréien.
D'Sängerin huet sech nom Urteel erliichtert gewisen. D'Geriicht hätt endlech Kloerheet geschaaft, no Jore vu "brutalem ëffentleche Bloussstellen, geziilte Campagnë fir d'Zerstéierung vu mengem Ruff an Nuechten ouni Schlof, déi um Enn meng Gesondheet an d'Wuel vu menger Famill beanträchtegt hunn", sou dat 49 Joer aalt Shakira. D'Kolumbianerin huet der Uklo iwwerdeem och reprochéiert, hir Prominenz ausgenotzt ze hunn, fir anere Steierzueler ze dreeën.