Wéi bleift een am Alter fit an dat net nëmme kierperlech, mee och mental? Zu Lëtzebuerg gëtt genee dat beim Projet Flux2 vum GERO ënnersicht. Hei geet et drëms, d'Gediechtnes, d'Reaktiounsfäegkeet an d'Beweegung ze trainéiere mat engem kloren Zil: Chutten ze vermeiden an d'Selbststännegkeet am Alldag ze erhalen.
Op den éischte Bléck gesäit et aus wéi eng Partie Spiller um Computer. Mä hannert de Biller stécht vill méi. D'Participanten trainéieren hir Opmierksamkeet, hir Reaktioun an hir Fäegkeete vum Gediechtnes. Zum Beispill bei engem Wuertspill. Hei muss ëmmer den zweete Buschtaf vun engem Wuert geholl ginn, fir domat en neit ze fannen. Eng Übung, déi séier méi usprochsvoll gëtt, wéi een denkt.
Nieft de kognitiven Exercicë spillt och d'Beweegung eng grouss Roll. Mat Hëllef vun enger Kamera ginn d'Beweegunge vun de Participanten erkannt an direkt um Ecran ëmgesat. Fir d'Leit ass et eng Mëschung aus Spill an Training, bei där Gläichgewiicht, Koordinatioun a Reaktioun gefuerdert ginn.
Datt esou Initiativen néideg sinn, weisen och d'Zuelen. Zu Lëtzebuerg gehéiere mir zu deene Länner, an deene Chutten am Alter nach ëmmer e grousse Problem duerstellen. D'Zil vum Projet ass et, dës Zuelen no ënnen ze drécken an esou d'Liewensqualitéit ze verbesseren.
De Projet Flux 2 ass eng Zesummenaarbecht tëscht verschiddene Partner: der Uni Lëtzebuerg, der LUNEX, dem Fitness-Partner CK an dem GERO.
Finanziell ënnerstëtzt gëtt d'Initiativ ënner anerem vum Familljeministère an der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.
Fir d'Leit, déi matmaachen, steet virun allem eng Saach am Fokus: aktiv bleiwen. Vill vun hinnen hu selwer scho Chutten erlieft oder wëlle genee dat verhënneren. Duerch déi verschidden Übunge gewanne si net nëmmen u Sécherheet, mä och u Vertrauen an hir eege Fäegkeeten.
De Projet weist: Et ass ni ze spéit, eppes fir seng Gesondheet ze maachen. Wat herno bei der Etüd erauskënnt, gi mer eréischt an 10 Woche gewuer.
Mat geziilte kognitiven a kierperlechen Übunge kann ee seng Fitness verbesseren an domat och méi sécher duerch den Alldag goen.
Ob um Computer oder virum Ecran: d'Kombinatioun aus Beweegung a Gediechtnes-Training gëtt ëmmer méi wichteg. De GERO Flux2 Projet weist elo scho virun de Resultater vun der Etüd, wéi een och am Alter nach aktiv a fit ka bleiwen.