Den Dag a Fotoen
Von der Leyen, Biden, Viper, Yoga a Co.

Den Dag resuméiert an 10 Fotoen. D'Fotografe Steve Müller an Emile Mentz ware fir RTL ënnerwee. D'international Aktualitéit vun AFP.
D'Ursula von der Leyen ass fir weider 5 Joer als Kommissiounspresidentin vum EU-Parlament gewielt ginn. / ©
AFP
Schmit oder Hansen? D'Fro, wie Lëtzebuerger Kommissär gëtt, ass nach net decidéiert. / ©
RTL Grafik
Palästinensesch Kanner am Norde vun der Gazasträif (Beit Lahya), op enger Plaz, wou Iesse verdeelt gëtt. / ©
AFP
Joe Biden huet Corona. Iwwerdeems ëmmer méi Rumeure lafen, datt den aktuellen US-President net géint den Donald Trump am November untrëtt. / ©
AFP
Zäit fir Yoga? A Brasilien war e grousst Event. / ©
AFP
D'Sich no Waasser um Mound opginn. Op d'mannst huet d'NASA den aktuelle Projet Viper opginn. Zu Lëtzebuerg gëtt weider gefuerscht, dat ënnert anerem um Belval beim LIST. / ©
AFP
Louane an der Abtei Neimënster: Duerch d'Castingshow "The Voice" bei eisem franséischen Noper ass déi jonk Kënschtlerin bekannt ginn. / ©
Steve Müller
Eng Visitt mat Touristen am Palais. / ©
Emile Mentz
Ënner Tréinen: De Belsche Coureur Victor Campenaerts no der Victoire vun der 18. Etapp um Tour de France. / ©
AFP
Nach 8 Deeg bis d'Ouverture: D'Olympescht Duerf zu Saint-Dénis am Norde vu Paräis. / ©
AFP
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies