Den Zoo zu Senneng war 1968 opgaangen. Wéinst Reprochë vun Déierequälerei gouf dee Lëtzebuerger Zoo Ufank vun den 80er Joren zougemaach.

Op der Plaz vum fréieren Zoo kann een nach vereenzelt Elementer erëmfannen.

Andréck vum Domingos Oliveira.

D'Fotoe goufen am Kader vun der Serie "Verstoppte Plazen" am Joer 2019 gemaach.