Eng Vue op d'Studiegäng an en Interview mat enger Lëtzebuerger Studentin
De Christian Schmit huet sech mam Professer D. Jon Hanf vun der Hochschule Geisenheim University ënnerhalen, grad ewéi mat der Studentin Nathalie Funck.
Am hessesche Rheingau zu Geisenheim läit d'Héichschoul am Domaine Wäibau an Oenologie, awer och fir international Wäi-Wirtschaft. Aus Lëtzebuerger Siicht ass Geisenheim ganz interessant, dat ass nämlech do wou scho vill Lëtzebuerger Wënzer a Wënzerinnen hir Studiegäng absolvéiert hunn. Am Moment sinn der 3 ageschriwwen. De Christian Schmit war viru kuerzem do, a krut en Abléck a vill Explikatiounen op der Plaz.
Jo an dat vum Professer Dr Jon Hanf, deen och eis Lëtzebuerger betreit, huet e Léierstull fir "Internationales Marketing Management" a Wein-Wirtschaft. 150 Joer Traditioun dat versprécht, an et gouf sech permanent weider entwéckelt. Mee 3 Schwéierpunkte bleiwen: Fuerschung, d'Léier, a Wëssenstransfert.Kéint ee soen, hei ginn d'Wënzer:innen fir Zukunft geformt?
Professer Dr Jon Hanf: "Gar nicht so einfach zu beantworten. Weil Weinbau, Oenologie ist jetzt ja auch ergänzt worden durch den Bereich Wein Wirtschaft. Wir haben Winzer die zu uns kommen, haben aber auch viele die sich wirklich mit dem Sektor auseinandersetzen im Bereich Handel, oder in der Vermarktung von Wein aktiv sind. Aber natürlich machen die Winzer und Winzerinnen noch immer den Schwerpunkt aus".

A well all Handwierk geléiert wëll sinn, gi ronderëm di Héichschoul och 36ha eegene Wéngert bewirtschaft. Op eisem Tour duerch hire Wéngert sprangen engem interessant Fuerschungsprojeten an d'A.
"Nachhaltige Stromerzeugung mit der Produktion in der Fläche unter einen Hut bringen. Das ist unsere grossflächige Solarzellenanlage über den Weinbergen,die wir haben, um dann zu sehen, ob die Beschattung, Hagelschutz sich nicht sogar positiv auf das Weinbauergebnis auswirkt. Es ist gerade ein neues Projekt, wo wir noch keine Ergebnisse haben."

Photovoltaik am Wéngert ass deen een, em CO2 geet et bei deem aneren?
"Indem wir die CO2-Konzentration des Jahres 2050 simulieren in einem Freilandprojekt. Können hier jetzt schon sehen, dass es nicht nur auf die Reben und die Trauben Auswirkungen hat, sondern auch die entsprechenden Umwelteinflüsse abbildbar sind. Offensichtlich, dass wir veränderte Klimabedingungen haben, Mikro- und Makroklima, und das hat natürlich Auswirkungen einerseits auf den Weinbau, aber auch auf die Vermarktung."
An tëscht ass ee ganz international opgestallt, an um Campus mat etlechen Austausch Studenten héiert e bal méi englesch wéi däitsch.
Theorie ass gutt, Praxis nach besser. Dat perfekt Netzwierk vun der Geisenheim University erlaabt dann och de Studéierenden en attraktiven a spannenden Praktikum am Ausland.
"In Neuseeland, Australien, in Amerika, aber auch in der näheren Umgebung, sei es in Frankreich, Italien oder Spanien. Was wir aber jetzt gesehen haben, ist diese Neugier auf mehr, die enstanden ist. So dass wir jetzt auch viele Studierende haben, die neben einem Praktikum jetzt auch noch ein Studium dranhängen, und da bieten wir als University auch ganz spannende Möglichkeiten weltweit"
Och fir de Master kann een elo zu Geisenheim bleiwen, a Life Long Learning ass och en Thema nom erfollegräichem Studium Ofschloss.
Nathalie Funck - Eng Lëtzebuergerin déi Wäin-Wirtschaft studéiert
Hochschule Geisenheim University, dat sinn am Moment eng 1.600 Studenten. Eng dovunner ass eng Lëtzebuergerin vu Nidderdonwen.
Nathalie Funck: "Moien, ech sinn d'Nathalie Funck, ech sinn 21 Joer al a studéieren am Moment zu Geisenheim am 2. Semester international Wäiwirtschaft. Mäi Papp ass Wënzer, doduerch scho fréi de Kontakt zum Wäin. Ech wollt laang léiwer Medezin studéieren, dann no menger Première bewosst decidéiert keng Medezin ze studéieren. Hunn dunn e Joer erëm probéiert an d'Léift zum Wäin nees entdeckt, a mech du fir dee Wee entscheet."

D'Nathalie Funck fillt sech ganz wuel zu Geisenheim, wunnt um Campus, just e Steeworf vun der Héich Schoul, Virliesungen a Wéngert ewech.
"Et heescht zwar Hochschule Stadt Geisenheim, mee gefillt sinn ech vum Duerf an en anert Duerf geplënnert. Also et ass extreem heemlech, et huet een noe Kontakt zu jidderengem um Campus. Also et kennt e gefillt jiddereen, wéi et och zu Lëtzebuerg üblech ass."
Wa Wäibau an international Wäin-Wirtschaft um Studiëplang stinn, dann heescht dat nach laang net, dass do all Dag Wäin op den Dësch kënnt, an Degustatiounen um Programm stinn.
"Neen dat ass et op guer kee Fall. Also mir sinn eis scho bewosst, dass mir mat Moderatioun drénken. An natierlech bei de Prouwe schéi brav ëmmer späizen. Mäi Studium ass elo op de Wirtschaftszweig éischter ausgeluecht. Dat heescht, mir maachen d'Grondlage vum Marketing, Marketing selwer. Di nächst Semesteren wäert ech och ëmmer Projeten hunn, wou ee selwer e Produit muss entwéckelen a soen wéi een dee géif vermaarten. Et ass schonn dorop ausgeluecht, dass een herno am Wéngert weess wat leeft, wat am Keller leeft. Dass ee ka Rapporten vun der Analys liesen a verstoen, a fir d'Wäin-Wirtschaft gemaach ass."
An dann hëlt d'Nathalie eis awer och mat op seng Liblingsplaze ronderëm Geisenheim.
"D'Germania uewen ass e wonnerschéinen Aussiichtspunkt. Do gesäit ee wierklech dee ganze Rhäingau, op Geisenheim, an och di aner Säit vum Rhäin, Silvester d'Freedefeier bis op Mainz. An da ginn et natierlech och Klouschteren wéi Eberbach oder Schloss Johannisberg ass och richteg schéin fir e klengen Ausfluch."

Fir säi Praktikum do plangt een allerdéngs un enger Escale an eng Wäigéigend di aner Säit vum Globus?
"Also mir mussen e BPS maachen, steet fir berufspraktisches Studium, vu mindestens 3 Méint. An do ass mäi Plang an Neiséiland ze goen, fir eppes komplett aneres ze gesinn. Och eraus aus deem heemeschen ze sinn, an en anere Mindset ze kréien. De Plang ass awer tatsächlech heem op Lëtzebuerg ze kommen an de Betrib vu mengem Papp ze iwwerhuelen. Mol kucken, mee d'Weeër stinn alleguerten op."
Mee egal wéi, esou de Professer Dr Hanf, deen d'Nathalie och betreit, eemol Geisenheim ëmmer Geisenheimer.
Professer Dr Hanf: "Im Geist bleiben immer alle Geisenheimer, da gibt es kein Limit."