Mysterium ëm maskéierte Fakel- a Fändeldréier geléist

© AFP
Déi imposant Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Paräis huet e Freideg Millioune Leit uechter d'Welt elektriséiert.
Ma wie war déi mysteriéis, mat enger Kaputz maskéiert Persoun, déi mat der olympescher Fakel iwwer d'Diecher vu Paräis, laanscht sëlleg Monumenter vun der franséischer Haaptstad gelaf ass?

© AFP
De maskéierten Held huet fir e spektakulären Optrëtt gesuergt. Mat sengem Outfit, dee vum berüümte Charakter vun Assasin's Creed Unity, Arno, inspiréiert war, ass de Fakeldréier zu Austerlitz gestart an ass um Enn um Trocadéro ukomm. Hei huet hien d'Flam ënner vill Applaus un de Zinédine Zidane iwwerreecht.
Op de Soziale Medie gouf d'Rätsel mëttlerweil geléist. De Freerunning-Champion Simon Nogueira huet bekannt ginn, datt hien den Haaptprotagonist vun der Aventure war. Och aner Kënschtler waren involvéiert. Dorënner warscheinlech de Clément Dumais, de Weltmeeschter am "World Chase Tag". An de sozialen Netzwierker huet den Dumais versprach, datt en d'nächst Joer all d'Detailer an enger Live-Sendung public maache géif.
Da gouf et wärend der Zeremonie awer nach eng weider maskéiert Persoun. Eng maskéiert Reiderin ass mam olympesche Fändel op hire Schëlleren op engem mechanesche Päerd iwwer d'Seine bis bei d'Place du Trocadéro geridden. Hei huet et sech ëm d'Floriane Issert, Ënneroffizéier bei der Gendarmerie, gehandelt.