Op engem Fluch an den USA war liicht Panik wéinst engem medezineschen Noutfall ausgebrach, deen eng Kettereaktioun bei de Stewarden ausgeléist hat.

Eigentlech dierfte Passagéier, déi e bëssen erkaalt oder loftkrank sinn, fir Crewmemberen zur Routine gehéieren. Ma op op engem United-Airlines-Fluch vu Houston am US-Bundesstaat Texas op Boston am Massachusetts hat e medezineschen Noutfall e bëssen eng aner Tournure geholl.

Wéi den Noriichtesender CNN mellt, war de Fliger eigentlech schonn eng zwou Stonnen an der Luucht, wéi et bei engem Passagéier zu engem medezineschen Noutfall koum. Wéi eng Symptomer d'Persoun hat, wier bis ewell net bekannt. Just, datt den Noutfall zu enger Kettereaktioun an der Kabinn gefouert hätt. Ënnert anerem CNN schreift, datt sech e bemol direkt e puer Crewmemberen iwwerginn hunn, wouduerch liicht Panik bei de Passagéier ausgebrach ass.

"Et ass richteg schlëmm"

Op enger Tounopnam vum Funk, déi op Plattform X gedeelt gouf, héiert een, wéi eescht d'Situatioun war. "Et ass schlëmm dohannen. Et ass richteg schlëmm. D'Crew iwwergëtt sech a Passagéier froen no Masken", seet de Pilot. "Ech mengen, mir mussen de Fliger sou séier wéi méiglech erofbréngen." Doriwwer eraus schwätzt hie vun engem "Biohazard", also enger "biologescher Gefor". Doropshin hätten d'Pilote sech dofir decidéiert, um Fluchhafen Dulles zu Washington noutzelanden, schreift d'Zeitung "The Independent".

D'Airline huet der "New York Post" géigeniwwer confirméiert, datt et e medezineschen Noutfall gouf, op deen een direkt huet misse reagéieren, esou, datt de Fluch ëmgeleet gi wier. No der Landung wier d'Maschinn "grëndlech" gebotzt ginn.  Den Ausléiser firwat sech d'Stewarden a Stewardessen direkt zu e puer iwwerginn hunn, gouf bis ewell net vu United Airlines matgedeelt. Et hätt awer kee vun de sechs Crewmemberen oder de 155 Passagéier misse medezinesch behandelt ginn. No ronn 5 Stonne wier de Fliger weider op Boston geflunn.

"Biohazard" eigentlech geféierlech Substanzen

Eigentlech beschreift de Begrëff "Biohazard" Substanzen, déi eng Gefor fir déi mënschlech Gesondheet duerstellen. An der Loftfaart geet dat vun infektiéise Krankheete bis zu Verschmotzunge vun der Kabinn duerch Kierperflëssegkeeten. Am Mee hat e Fliger misse grëndlech gebotzt ginn, nodeems 30 Passagéier op engem Fluch vu Vancouver op Housten krank gi waren.