Tierkei blockéiert Accès zu Instagram

© AFP
Just virun der Blockad hat en tierkesche Beamten der Plattform reprochéiert, ënnert anerem "Condoleancë fir de Märtyrerdoud" vum Hamas-Chef ze zenséieren.
Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, gouf d'Social-Media-Plattform e Freideg ouni Begrënnung blockéiert. Allerdéngs hat virdrun en héichrangegen tierkesche Beamten dem US-Netzwierk Zensur reprochéiert, wéi déi tierkesch Autoritéit fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie bekannt ginn huet.
Op der Plattform X hu vill User aus der Tierkei geschriwwen, datt si hiren Instagram-Feed net méi aktualiséiere kéinten an och AFP-Journalisten hätten d'Blockad festgestallt.
Um Site vun der tierkescher Kommunikatiounsautoritéit gouf eng Deklaratioun publizéiert, an där et heescht, datt "instagram.com duerch eng Decisioun vum 02.08.2024 gespaart gouf", ouni weider Detailer ze nennen.
De Kommunikatiounsdirekter vum tierkesche President Erdogan, de Fahrettin Altun, hat d'Plattform e Mëttwoch schaarf kritiséiert a behaapt, si "hënnert Mënschen dorun, Condoleancë fir de Märtyrerdoud vum (Hamas-Chef Ismail) Hanija ze publizéieren". "Et handelt sech ëm e ganz kloren an offensichtlechen Zensurversuch", hat den Altun op X geschriwwen.