Groussasaz vun der Police
E Kand vun 3 Joer gouf vermësst, an dobäi hat et sech et just gemittlech gemaach

Zu Gelsenkirchen koum et zu engem Groussasaz vun der Police, well e Papp e Samschdeg den Owend säi Kand als vermësst gemellt hat.
De Papp war der Meenung, dass d'Kand aus dem Gaart verschwonne wier, wou hien eventuell ee Moment net richteg opgepasst huet.
Nieft der Police waren och d'Pompjeeë geruff ginn, fir nom 3 Joer ale Kand ze sichen. Dobäi koumen och Dronen an den Asaz, grad ewéi e Sich-Hond.
Mat der Hëllef vun enger Kamera, déi Hëtztquellen erkenne kann, gouf d'Kand schliisslech fonnt... Et louch gemittlech an engem Schaf ze schlofen, tëscht engem Koup voll Wäsch.
Am meeschte gelies