Fraen ouni Iewescht an der Schwämm: Majoritéit vu Befroten ass dofir

© AFP Symbolbild
Am Playboy gouf et rezent eng Ëmfro, déi d'Uewerdeeler vu Fraen an oppene Schwämme betrëfft. Ëmmerhin hunn 1.092 Fraen a Männer matgemaach.
D'Majoritéit, déi bei der Playboy-Ëmfro matgemaach hunn, war fir d'Méiglechkeet, dass Fraen an der Schwämm ouni Iewescht kënne lafen.
Pro
Ëmmerhin huet dat 58% vun de Befroten ausgemaach, déi dofir waren, dass dat a sämtleche Schwämme soll de Fall sinn, zouener wéi och oppener. An hei waren et majoritär d'Männer, déi dofir waren mat 71% zu 45% Fraen.
63% hunn als Grond d'Gläichberechtegung genannt. 59% hu gesot, ouni Iewescht ze schwammen, wier ganz natierlech an 39% hunn uginn, dëst géif dozou bäidroen, plakeg ze sinn als normal ze gesinn.
Kontra
Fir 42% vun de Befrote geet "uewen ouni" a Schwämmen dogéint ze wäit. Dat heescht, 55% Fraen Fraen an 29% Männer waren deemno fir d'Bäibehale vum Zwangs-Iewescht fir Fraen a Schwämmen.
D'Haaptsuerg vun 72% ass, well si fäerten, dass et méi dacks zu sexuelle Belästegunge kéim. 35% koume mam Argument, dëst géif sech einfach net gehéieren.
D'Etüd am Playboy gouf vum Meenungsfuerschungsinstitut Norstat duerchgefouert, 1.092 Fraen a Männer hu matgemaach.