En Australier huet sech eng ganz Partie Spillmënzen an d'Täsch gestach, déi nach guer net um Marché waren.

D'Figur "Bluey" ass mëttlerweil weltwäit besonnesch bei Kanner beléift. Mir schwätze vun enger Animatiounsserie iwwert e bloen Hond, dee mat vill Fantasie Aventuren erlieft. D'Serie huet zënter e puer Joer sou e Succès, dass ee mëttlerweil T-Shirten, Becheren a villes méi mam Bluey drop kafe kann. Ënnert anerem goufen och Sammelmënze produzéiert mam Bluey sengem Kapp drop. Dës krut een ëffentlech nach guer net ze kafen, do huet en Australier, deen am Lager geschafft huet, sech schonn zerwéiert.

Eng 63.000 Sammelmënzen huet de Mann geklaut an duerno am Internet verkaf. Doduerch, dass d'Mënzen nach net um Marché waren, huet den Australier nach vill méi fir d'Sammelmënze kritt, wéi se eigentlech wäert wieren. Zemools well et eng limitéiert Oplag war. De Wäert gëtt op 600.000 australesch Dollar geschat, also ronn 360.000 Euro.

Déi australesch Police konnt den Déif no der Enquête identifizéieren an huet de Mann zu Sydney festgeholl. Dem Australier ginn ënnert anerem Abroch an Déifstall virgehäit. Hie riskéiert eng laang Prisongsstrof an dierf och géint  Kautioun net eraus.