Wat zitt d'Leit op d'Wäifest zu Stadbriedemes?
Wann d'Sonn hannert dem Horizont verschwënnt, fänken d'Leit un op de Picadilly ze stréimen.
All zweete Weekend am August steet den exklusive Picadilly-Wäin am Mëttelpunkt. Do gi gären och mol ganz Fläsche gedronk. Wärend déi eng et méi lues uginn, wëllen déi aner vun der Offer profitéieren.
Inspiréiert vum Kir Royal ass et de Cassis, deen dem Picadilly seng Faarf gëtt. De Misch Marx, Member vum Comité vum Syndicat d’initiative vu Stadbriedemes, ass och houfreg, dass de bekannte Picadilly zanter iwwer 50 Joer op der Kaart steet. Senger Meenung no ass et och dat sprëtzegt Gedrénks, wat d’Leit op d’Wäifest zitt.
Nieft dem Picadilly ass et d’Atmosphär, d’Plaz an déi gutt Musek, déi d’Leit dohin hinzitt. DJen am Partyzelt suerge fir Stëmmung an am Foodvillage versuergen divers Foodtrucks d’Leit mat guddem Iessen.
No zwee Partyowender gëtt de Picadilly e Sonndeg mat engem Familljendag ausklénge gelooss.