Um Festival Bewosstsinn fir e séchert Feiere schafen
Nieft gudder Musek a Stëmmung op engem Festival sinn och dacks Drogen a sexuell Gewalt un der Dagesuerdnung. De Projet Pipapo kläert direkt sur Place op.
Iechternach invitéiert an Zegdausende Leit kommen op de Séi. Den e-Lake Festival all zweete Weekend am August ass aus dem Festivitéitskalenner vun der Abteistad net méi ewech ze denken.
Un de Knäppercher gedréint, huet gëschter Owend ënnert anerem den Eric Nosbusch, och DJ Nosi genannt. 17 Joer hat de Lëtzebuerger wéi hien als DJ ugefaangen huet. Dat sinn elo siwe Joer hier. Mëttlerweil ass säin Numm Programm.
"De Support hei zu Lëtzebuerg, deen ech kréien, ass wansinneg. Also, méi wéi dankbar, well d'Leit wierklech all Kéier kommen, Support weisen, an dat ass onbezuelbar, mengen ech. Ech mengen dat ass dat, firwat ech et maachen, an och ouni déi Leit wier ech keen."
Iwwer 12.000 Leit hunn déi zwielef Stonnen elektronesch Musek bei fräiem Entrée genoss. Seet ee Festival, denkt een awer och séier un illegal Substanzen, kuerz Drogen. Déi wären Theema bei all gréisser Event. Alkohol an Tubak ginn awer am meeschte consomméiert, erkläert de Carlos Paulos, Direkter vum Projet Pipapo, deen iwwer séchert Feieren opkläert.
"Bei Alkohol si mer wäit iwwer 90 Prozent. Tubak si mer bei der Hallschent vun der Populatioun. An da kënnt de Cannabis direkt hannendrun. Do si mer ëm déi 40 Prozent vun de Leit, déi soen, si hätten an den zwou leschte Woche consomméiert. An dann MDMA, Amphetaminen, Kokain do si mer bei 10 Prozent vun de Leit ongeféier."
D'Organisatioun Pipapo gëtt vum Staatslabo, dem Gesondheetsministère an dem Parquet ënnerstëtzt. Hiert Zil ass et, d'Leit iwwer Drogen a Sex op Partyen ze informéieren.
"Donieft hu mer den Drugmobile, wou mer Substanze kënnen analyséieren, fir ze kucken, wat genau dran ass, an dann eeben d'Informatioun weidergeet un de Konsument, fir dass dee mat sou mann ewéi méiglech Risike consomméiere kann, wann en dat da consomméiere wëll."
Pipapo bidden hir Hëllef och un, wann een Affer vu sexueller Gewalt gouf oder am Fall vun iergendenger Form vun Diskriminatioun.
"Op all grousse Plazen, wou gefeiert gëtt, ginn et och esou Iwwergrëff. Mir hunn elo d'Chance, dass mer dat heiten eebe konnte maachen am Kader vum europäesche Projet CrissCross, wou mer dat eebe konnten ausprobéieren", erkläert den Alex Loverre, Responsabele vum Lilapoint, den Infostand vum Pipapo.
Onofhängeg wéi ee Festival heescht, dës Momenter soll een zesumme mat Kolleege genéissen am Respekt ee vis-à-vis vun deem aneren.