Datt de Moderatoren-Duo bei "RTL aktuell" ophält, ass zwar scho bekannt. Ma lo ass gewosst, wéini déi zwee fir d'lescht zesumme virun der Kamera stinn.

De Peter Kloeppel an d'Ulrike von der Groeben gi geschwënn an d'Tëlee-Pensioun, op d'mannst wann et ëm "RTL aktuell" geet. E puer Editioune wäerte si nach presentéieren, den 23. August ass dann awer Schluss.

Iwwer 30 Joer als Noriichtespriecher

Am Fall vum Peter Kloeppel geet domat eng 32 Joer al Ära op en Enn. Zanter 1992 presentéiert hien d'Noriichte bei RTL ass am Laf vun der Zäit zu engem vun de wichtegsten a bekanntsten däitschen Noriichtespriecher op der privater Televisioun. Fir d'Ulrike von der Groeben ass et esouguer en Abschid no 35 Joer. Zanter de spéiden 80er Jore steet si fir d'RTL-Noriichte virun der Kamera.

Successioun bekannt

Mam Peter Kloeppel an der Ulrike von der Groeben ginn zwee ganz bekannt RTL-Käpp. Hir Successioun ass awer scho gereegelt: Zu Köln setzt een an Zukunft op zwou Ekippen, déi ofwiesselend duerch d'Sendung féiere sollen. Op der enger Säit sinn dat déi scho bekannt Moderatrice Roberta Bieling an de Moderator Andreas von Thien. Op der anerer Säit sinn et de Christopher Wittich an d'Anna Fleischhauer. Doriwwer eraus gëtt et eng weider Ekipp aus Moderatoren, déi asprange kënnen.

RTL

Vu lénks no riets: Christopher Wittich, Anna Fleischhauer, Roberta Bieling an Andreas von Thien / © Image by  Marie-Theres Gühmann, RTL

"Stern-TV-Spezial" iwwer Moderatoren-Duo

Schonn een Dag virun der leschter "RTL aktuell"-Sendung mam Duo Kloeppel a von der Groeben weist "Stern TV" eng speziell Editioun, an där déi zwee mat der Moderatrice Mareile Höppner op méi wéi 30 Joer a 4.500 Sendungen als Noriichtenduo bei RTL zeréck kucke wäerten. De Peter Kloeppel wäert iwwerdeem an der Sendung ze gesi sinn an iwwer seng Zukunftspläng an d'Highlights vu senger Karriär schwätzen. Doriwwer eraus hätt RTL "esou munch Iwwerraschung" fir de Kloeppel annoncéiert.

Kloeppel weiderhi bei RTL ze gesinn

Komplett vun der Bildfläch verschwonne wäert op d'mannst de Peter Kloeppel net sinn. Ufank November, wann an den USA en neie President oder eng Presidentin gewielt gëtt, huet hien e weideren Asaz bei sengem laangjärege Patron. "Ech weess, datt ech un dësem Walowend hei zu Köln wäert sinn an als Co-Kommentator eise béiden neien Anchorwoman an Anchorman zur Säit stoe wäert", sot de Kloeppel an engem Interview mat der "Antenne Bayern". Och d'Sendung "Peter Kloeppel durchleuchtet" wäert iwwerdeem weidergoen, hei géing et awer nach keng konkreet Datumen, wéini d'Editiounen ausgestraalt ginn.